Iwwert de ganze Summer hu mer d’Zäit genotzt, fir mam RTL Radio Lëtzebuerg e bëssen iwwert eisen Institut an eis Fuerschung ze schwätzen. De Méinden ass eis Rei iwwert d’Fuerschung ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur op en Enn gaangen. Dir hutt eng Folleg verpasst? Hei kënnt Der nach eng Kéier déi ganz Serie nolauschteren: http://radio.rtl.lu/serien/letzebuergesch/
Dobäi war alles vertrueden:
- D‘Introduktioun iwwert den Institut gouf vum Mélanie Wagner gemaach,
- d‘Caroline Döhmer huet eppes iwwert de lëtzebuergesche Genitiv erzielt,
- dem Fabienne Gilbertz säi Sujet war d‘Professionaliséierung vun der Lëtzebuerger Literatur,
- de Christoph Purschke huet déi nei App Lingscape virgestallt,
- d‘Judith Manzoni ënnersicht d‘Sproochmelodie vum Lëtzebuergeschen,
- d‘Maike Edelhoff huet sech déi sproochlech Grenzen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg ugekuckt,
- d‘Anne-Marie Millim huet de lëtzebuergesche Feuilleton tëscht de Kricher beschwat
- a beim Tina Thill goung et ëm d‘Phonetik am Lëtzebuergeschen.