Haut um Dag vun der Mammesprooch presentéiert d’Schnëssen-Ekipp Iech natierlech och erëm e flott Resultat aus der Schnëssen-App. Wat sicht een sech op sou engem Dag wéi haut eraus? Mir duechten eis, et wär emol flott, sech mat enger Kategorie vu Wierder ze beschäftegen, déi mer bis elo nach net gesinn hunn: Anthroponymmen. Dat héiert sech elo natierlech méi komplizéiert un, wéi et ass. Et geet eis ëm Persounennimm resp. d’Kombinatioun vu Vir- a Familljennumm. Firwat dës ënner anerem interessant sinn, gesitt Dir elo an der Auswäertung.

Dës Kéier hu mer eis zwee verschidde Sätz erausgesicht. Zum engen “Claude Schmit hat das schönste Haus im Dorf” (1317) an zum aneren “Jeanne Baustert hat ihren Hausschlüssel vergessen und sich ausgesperrt” (770). Kucke mer eis fir d’éischt d’Grafiken un, déi déi allgemeng Verdeelung vun de Variante weisen.

 

 

Hei gëtt däitlech, datt déi meescht Leit, also zu 90%-93%, den Numm an der Reiefolleg Virnumm + Familljennumm iwwersat hunn, d. h. sou, wéi en och am Ausgangssaz steet. 9% benotzen dogéint d’Variant FamN + VirN. Dës Konstruktioun ass besonnesch interessant, wëll de Familljennumm net just virdru gestallt, ma och flektéiert gëtt. Et ass net Schmit Claude oder Baustert Jeanne, ma Schmitte resp. Schmits Claude a Bausterte Jeanne. Flektéiert heescht an dësem Kontext, datt mathëllef vun enger Endung, an dësem Fall -s oder -en, um Numm de Kasus, an deem e steet, markéiert gëtt. Wéi den -s et evtl. schonn undeit, handelt et sech dobäi ëm d’Markéierung vun engem Kasus, deen am Lëtzebuergeschen u sech keng grouss Roll méi spillt: dem Genitiv. Am Fall vu Schmitts Claude handelt et sech ëm ee staarke Genitv a bei Schmitte Claude resp. Bausterte Jeanne ëm ee schwaachen. Bei Familljennimm, déi mat -er ophalen, ass zudeem d’Endung -esch méiglech. Dës entsteet duerch d’Markéierung vum Genitiv (staark) Mullers an der Assimillatioun vun r an s, aus där dann de sch, also Müllesch Paul entsteet. Dir frot Iech natierlech elo zurecht, wat dee Genitiv do iwwerhaapt soll. Bei dëse Konstruktiounen ass et esou, datt eng Persoun mat engem bestëmmte Virnumm iwwert den Numm vu senger Famill charakteriséiert gëtt. Et mécht ee souzesoen däitlech, datt ee vum Jeanne aus der Famill Baustert an net aus der Famill Müller schwätzt. An der Konstruktioun suergt dat aus enger grammatescher Perspektiv dofir, datt de Familljennumm d’Roll vun engem Adjektiv iwwerhëlt a soumat och flektéiert gi kann. Mam Genitiv, deen um Adjektiv markéiert gëtt, gëtt soumat e Verhältnis zum Ausdrock bruecht. Beim Schmitte Claude handelt et sech souzesoen ëm der Famill Schmitt hire Claude. Dat selwecht ass iwwregens am Lëtzebuergeschen och ouni Virnumm méiglech. Schmitts oder Schmitten referéiert dann op déi ganz Famill. Dëser Form begéint een och nach bei Hausnimm, déi zum Deel schonn zu Stroossennimm gi sinn: a Franzen oder a Müllesch

Komme mer awer zréck zu eiser Auswäertung. Wéi déi allgemeng Verdeelung scho weist, schéngt déi elo just beschriwwe Variant am Sproochgebrauch net (méi) immens verbreet ze sinn. D’Fro, déi sech heirun uschléisst, ass déi no der Verdeelung nom Alter.

Hei gëtt a béide Fäll däitlech, datt d’Variant FamN + VirN vun eelere Leit nach méi heefeg genotzt gëtt. Wat d’Leit méi jonk sinn, wat se manner dacks op dës Variant zeréckgräifen. Mir hunn et hei deemno héchstwarscheinlech mat Sproochwandel ze dinn, woubäi d’Variant FamN+VirN ofgebaut gëtt. 

An dësem Fall muss een natierlech berécksiichtegen, datt et duerchaus méiglech ass, datt dës Variante méi heefeg a bestëmmte Situatiounen oder am Gespréich mat bestëmmte Leit virkënnt. Et misst een deemno nach weider Analyse maachen, fir nach méi iwwer dës Variatioun a virun allem d’Variant FamN+VirN erauszefannen.

Zum Schluss nach e klenge Bléck iwwert den Tellerrand: Dëst Phenomeen fënnt een och am Baireschen, dat heescht a Süddäitschland an Éisträich.

1 thoughts on “„Ech schwätze vum Claude Schmit, dem Schmitte Jang sengem Bouf.“

  1. FELTZ Georges

    Ech froe mech ob d’Wiel vun deer enger oder anerer Variant net och eppes domat ze dinn huet, wéi gutt een de Claude Schmit oder d’Jeanne Baustert kennt: Wann ech vun engem schwätzen deen ech net direkt kennen, gif ech éischter vum Claude Schmit schwätzen. Wann hien awer ee gudde Kolleeg ass, wier et fir mech éischter de Schmitte Claude.

    G. Feltz

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.