Och dëst Joer wëlle mir Iech d’Adventszäit erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App verséissen. Op all Adventssonndeg fannt Dir hei am Fuerschungsportal an och op eise Social Media Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) e kuerze Video, deen sech mat jeeweils engem vu villen interessante Variatiounsphenomeener vum Lëtzebuergesche beschäftegt.
Ech gebrauchen och heiansdo datt, an heiansdo dass. Ech hun awer nach net opgepasst, wini ech dat eent a wini dat anert gebrauchen. Muss dat mol machen…
D’Erklärungen vun datt an dass ganz interessant, Ech preferéieren d’Schrëft an halen d’Blat an der Hand. D’Gebradels kann ee net sou gutt versuergen.
Mat mengen 70 Joer soen ech datt. Ech hu gesinn datt meng Elteren aus enger donkelbloer Géigend hiersinn. Meng Kanner 38-40 soen dass.
Ech benotzen definitiv déi béid Varianten. Schätzungsweis awer e bësse méi oft „dass“ wéi „datt“. Ech kéint mer virstellen datt et eppes mat der Optrëttsplaaz am Saz oder de nofollgenden Silben ze dinn huet wéi eng Variant ech wéini benotzen. Eventuell ass den „dass“ awer och méi gëeegent fir d’Konditioun ze ënnersträichen an ervirzehiewen, wäerend den „datt“ sech besser an ee rouegen a gläichméissege Gespréichsfloss afügt.