Haut um 14. Februar ass et erëm souwäit: mir feieren den Dag vun de Verléiften – Jour de la Saint-Valentin op Franséisch, Valentinstag op Däitsch, Valentine’s Day op Englesch oder einfach Día de los Enamorados op Spuenesch. Wéi een duerch des Opzielung gesäit, schéngt et op den éischte Bléck zwou Kategorië vu Bezeechnungen an den europäesche Sproochen ze ginn. Entweeder schwätzt ee vum Valentin sengem Dag a referéiert domat op den Hellege Valentin, deen an der kathoulescher Kierch als Patroun vun de Verléifte veréiert gëtt oder et benotzt een d’Bezeechnung Dag vun de Verléiften, bei deem déi Verléift selwer am Virdergrond stinn. 

Wéi et mëttlerweil schonn Traditioun ass, hu mer eis natierlech gefrot, wéi dësen Dag dann op Lëtzebuergesch bezeechent gëtt. Aus dësem Grond hate mer d’Fro “Wéi nennt Dir dat Fest, dat de 14. Februar gefeiert gëtt” an d’Schnëssen-App agebaut. Am Ganze krute mer eng 330 Opnamen erageschéckt a genau déi kucke mer eis elo emol e bësse méi genau un. 

Geheie mer fir d’éischt e Bléck op déi allgemeng Verdeelung vun de Varianten. Dobäi kënnt Vältesdag op 49,1%, Valentinsdag op 37,6 an d’Duebelnennung Vältesdag + Valentinsdag op 8,8%. Dës Weideren hunn 1,5% vun de Leit eis nach aner Feierdeeg, wéi Fuesent oder Liichtmëssdag genannt. Schliisslech koum och den Dag vun de Verléiften dräi Mol vir. Dës Variant gouf allerdéngs ënner aner klasséiert, well se sou seele genannt gouf. Ënner aner fallen dann och nach vereenzelt Nennunge wéi Vëltesdag, Vältesendag oder Vältjesdag

Et gëtt deemno däitlech, datt mer am Lëtzebuergeschen zwou Haaptvarianten hunn: Vältesdag a Valentinsdag. Béid Variante sinn d’selwecht opgebaut: Numm (“Valentin” resp. “Välten”) + Dag an dat Ganzt an enger Genitivkonstruktioun (dohier kënnt deen “s” an der Mëtt vum Wuert), déi e Besëtzverhältnis zum Ausdrock bréngt “dem Valentin/Välten säin Dag”. Geheit een e Bléck an d’Luxemburger Wörterbuch fënnt ee just ënner Välten en Artikel. Välten ass dobäi näischt aneres wéi déi lëtzebuergesch Form vum männleche Virnumm Valentin. Och de Välteschdag, wéi et hei heescht, gëtt ernimmt an de Brauch, deen domat a Verbindung steet, beschriwwen.

Bei eisen zwou Haaptverianten handelt et sech deemno zum engen ëm eng warscheinlech méi al Konstruktioun, där de lëtzebuergeschen Numm Välten zu Gronn läit, woubäi déi aner op déi net assimiléiert Form Valentin, déi allerdéngs lëtzebuergesch ausgeschwat gëtt (kuerzen, hënneschten [ɑ] am Ufank an net nasaliséierten [in] um Schluss), opbaut. 

Kucke mer eis och  emol d’Verdeelung nom Alter un. Hei gesäit een, datt déi méi al Form “Vältesdag” mam Alter zwar liicht ofhëlt, allerdéngs iwwerraschenderweis virun allem Leit iwwer 65 e gutt Stéck méi heefeg Valentinsdag soen an den Taux vun de Vältesdag-Nennunge souguer ënner deem aus der jéngster Kategorie läit. Dës Weidere fält op, dass virun allem Leit ënner 34 méi dacks béid Variante genannt hunn. Dat kann dorop hindeiten, dass bei hinnen d’Sensibilitéit fir déi zwou Variante méi héich ass, wéi bei deenen iwwer 35. Alles an allem léisst sech op jidde Fall festhalen, dat béid Konstruktioune ganz produktiv sinn an de Vältesdag als Bezeechnung, anescht wéi dacks gefaart gëtt, sou séier net aus dem Sproochgebrauch verschwanne wäert.

Eis Resultater weisen deemno: Et kann, awer et muss ee sech net iwwert d’Bezeechnung vum Dag streiden, vu datt souwuel „Vältesdag“ wéi och „Valentinsdag“ wäit am Sproochgebrauch verbreet sinn.  Mat dësem Wëssen am Hannerkapp, kënnt dir enger Eskalatioun vum Sproochesträit mat ärer/ärem Léifsten gekonnt aus dem Wee goen.

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.