Wien organiséiert d’Summer School a fir wien ass se geduecht?
D’Mataarbechter*inne vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft organiséieren déi zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen. Si riicht sech u linguistesch interesséiert Student*innen, Promovéirend oder PostDocs, déi e méi déiwen Abléck an d’Sproochstruktur an an d’Fuerschungsberäicher vum Lëtzebuergesche kréie wëllen.
Wéini fënnt d’Summer School statt?
Coursen: 09. bis 13. September 2019 (Zëmmerbuchung: 08.09 – 13.09.)
Wou ginn d’Participante(ë)n ënnerbruecht?
Iwwernuechte kënnen d’Participante(ë)n an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht. D’Käschte fir 5 Iwwernuechtunge sinn an de Umeldungsfraien (180€) abegraff.
Méi Informatiounen zur Jugendherberg fannt Dir hei: https://youthhostels.lu/de/jugendherbergen/jugendherberge-esch
Wou wäerten d’Coursë stattfannen?
D’Coursë fannen um Campus vun der Universitéit Lëtzebuerg statt:
Maison du Savoir
2, avenue de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette
Wéi kommen ech op de Campus Belval?
De Campus ass entweder mam Bus (z. B. Linn 3 – Gare Esch/Alzette – Gare Belval Université) oder mam Zuch a Richtung Rodange (Esch/Alzette – Gare Belval Université) vun der Jugendherberg aus an 11– 15 Minutten ze erreechen. Méi Informatiounen zu den Ëffentleche Verkéiersmëttel: https://www.mobiliteit.lu
A wat fir enger Sprooch ginn d’Coursë gehalen?
D’Coursë ginn op Däitsch gehalen.
Wéi kann ech mech op d’Summer School virbereeden?
Dir kritt den éischten Dag vun der Summer School e Reader, deen Iech virdru schonn als PDF zur Verfügung gestallt gëtt. Dëse Reader enthält eng Auswiel un Texter zu den ënnerschiddleche Fuerschungsberäicher an déngt an éischter Linn als (ergänzend) Begleetlektür zu de Coursen. (Keng Pflichtlektür!).
Wéi kommen ech um Sonndeg Owend (08.09.) op de Warm-Up?
De Warm-Up fënnt um Belval an der Géigend vum Universitéitscampus statt, ab 19:00 am Ar Preti – Crêperie Moderne (14 Avenue du Rock’N’Roll, 4361 Esch-sur-Alzette). D’Location ass deemno mat deene selwechte Verkéiersmëttel wéi de Campus u sech ze ereechen.
Gëtt et mëttlerweil en Zäitplang?
Jo, gëtt et:
Rahmenprogramm:
08.09.19 um 19:00: Warm-up an der Crêperie um Belval
09.09.19 um 18:00: Besuch vun der 679. Schueberfouer
11.09.19 um 19:00: Féierung Stad vun der Wëssenschaft & Héichuewen (Belval)
12.09.19 um 19:00: gemeinsaamt Owesiessen zu Esch/Uelzech
Dozent*innen am Iwwerbléck:
François Conrad
Caroline Döhmer
Nathalie Entringer
Fernand Fehlen
Peter Gilles
Jeanne Glesener
Judith Manzoni
Sara Martin
Sam Mersch
Christoph Purschke
Sébastian Thiltges
War Är FAQ net dobäi? Dann schreift eis einfach per Mail: nathalie.entringer@uni.lu.