
Fir méi iwwert de Gebrauch vun hatt an si erauszefannen, gouf am Kader vum Projet „Das Anna und ihr Hund“ en Online-Froebou erstallt, deen (am Abrëll 2016) a kierzester Zäit vun iwwer 2700 Lëtzebuergesch-Spriecher vollstänneg ausgefëllt gouf!
E grousse Merci un all déi Leit, déi matgemaach hunn!
Déi héich Zuel u Participante weist, dass et sech bei dësem Phänomen ëm eppes handelt, wat ville Spriecher duerchaus am Alldag opfält. Ganz dacks gouf an de Commentairen, déi een um Enn vum Froebou konnt hannerloossen, dorop higewisen, dass Net-Mammesproochler dacks Schwieregkeete mam Gebrauch vun hatt an si hunn resp. heefeg déi „falsch“ Referenze benotzen. Doriwwer eraus schéngt ville Spriecher opzefalen, dass méi jonk Spriecher éischter dozou tendéieren, hatt (amplaz vun si) ze benotzen. D’Facteuren Mammesprooch an Alter hunn dann och eng wichteg Roll bei der Auswäertung gespillt.
Wat ass bei der Ëmfro erauskomm? Hei e puer Andréck vun de Resultater:
Weiblech Virnimm sinn am Lëtzebuergeche generell Neutra. Dofir ginn – am Normalfall – déi neutral Formen (vum Definitartikel, Personalpronomen a Possessivartikel) benotzt, wann een eleng mam Virnumm op eng weiblech Persoun referéiert. Deementspriechend kloer ass d’Resultat vun der Aufgab, bei där den Ausdrock Claudias Mann an d’Lëtzebuergescht sollt iwwersat ginn. Aus der Tabell geet ervir, dass 98,2% vun de Mammesproochler den däitschen Ausdrock mat dem Claudia säi Mann iwwersat hunn; bei den Net-Mammesproochler läit de Prozentsaz ganz liicht méi déif bei 94,1%. Net berücksichtegt goufen an dëser Auswäertung Formulatioune mat vun (wéi z.B. de Mann vum Claudia). Ënner „aner Formulatiounen“ falen dofir beispillsweis Claudia säi Mann (ouni Definitartikel; Spriecher aus dem Éislek) oder vereenzelt Äntwerte wéi dem Claudia hire Mann an der Claudia hire Mann.
Iwwersetzung |
Mammesproochler (N=2350) |
Net-Mammesproochler (N=340) |
dem Claudia säi Mann |
98,2% |
94,1% |
aner Formulatiounen |
1,8% |
5,9% |
Bei der Referenz op weiblech Verwandtschaftsbezeechnunge wéi z.B. Mamm oder Boma benotze Lëtzebuergesch-Mammesproochler virun allem déi weiblech Formen (si/se; hir(en)/hiert). Dat weist och dat folgend Beispill, bei deem den Ausdrock Mamas Freundin sollt iwwersat ginn (N=2172):
Trotzdem weist den Diagramm, dass sech och verschidde Spriecher (5,1%) fir den neutrale Possessivartikel seng entscheeden.
Interessant am Verglach dozou ass d’Verwandtschaftsbezeechnung Schwëster, bei där d’Resultater opfälleg anescht ausgefall sinn. Hei gëtt et immens vill Variatioun tëschent de Lëtzebuergesch-Spriecher. Beim Choix tëschent de feminine respektiv den neutrale Forme spillt et ënnert anerem eng Roll, ob de Gespréichspartner d’Schwëster (vun där geschwat gëtt) kennt oder net. Dobäi kënnt awer och, dass den Alter resp. d’Altersdifferenz tëschent dem Spriecher an der referéierter Persoun am Allgemengen e wichtege Facteur ass.
Bei der Iwwersetzung vun das Buch meiner Schwester fält op, dass Mammesproochler (N=1983) eng liicht Präferenz fir hiert Buch (49,4%) hunn an Net-Mammesproochler (N=251) säi Buch (57%) virzéien:
Doriwwer eraus ginn et Ënnerscheeder jee no Altersgrupp vun de Spriecher: Souwuel bei de Mammesproochler wéi och bei den Net-Mammesproochler tendéiere méi jonk Spriecher éischter zum neutrale Possessivartikel säi(n) wéi eeler Spriecher.
Nieft de Froen iwwert weiblech Persoune gouf et am Online-Froebou dann och nach e Lückentext mat Referenz op e weiblechen Hond, dee folgendermoossen ausgesinn huet:
D’Famill Weber krut viru kuerzem en Hond aus dem Déierenasyl. E Frënd vun der Famill ass op Besuch, fir e kennenzeléieren. Den Här Weber erzielt:
„____ heescht Kira. Mir hunn ____ aus dem Déierenasyl. D’Kira spillt immens gären, mee bei Friemen ass ____ nach e bësse schei.“
D’Resultat vum éischten Deel vum Lückentext ( ___ heescht Kira.) soll hei kuerz duergestallt ginn: Variatioun gëtt et an dësem Fall virun allem, well ee mam Personalpronomen entweder op Hond oder awer op de weibleche Virnumm vum Hond Kira Bezuch huele kann.
D’Mammesproochler entscheeden sech ganz allgemeng zu engem groussen Deel fir en neutrale Pronomen (hatt oder et). Net seele gëtt awer och e maskuline Pronomen (hien oder en) geholl. Den Diagramm verdäitlecht, dass de Choix och hei mam Alter vum Spriecher zesummenhänkt: Eeler Spriecher benotze relativ heefeg de Maskulinum; bei deene méi jonke Spriecher dominéiert allerdéngs ganz kloer den Neutrum.
Dobäi stellt sech natierlech d’Fro, wéiee Genus a wéieng Pronomen ee bei der Referenz op aner weiblech Déiere benotzt: Wéi sot Dir, wann Dir beispillsweis vun enger Kaz, engem Hamster, engem aneren (weiblechen) Hausdéier, vun engem Päerd, etc. schwätzt?
Ze erwähne sinn och vereenzelt Hiweiser vun de Participanten op de Gebrauch vun d’Sau (dacks [tsaː] ausgeschwat) als Pronomen, dee wahrscheinlech virun allem bei méi jonke Spriecher verbeet ass. Dobäi wier et interessant, nach méi iwwert de konkrete Gebrauch dovunner erauszefannen: Wie benotzt d’Sau am Alldag? Sinn et effektiv éischter jonk Spriecher oder gëtt et vun allen Altersgruppe benotzt? Ass d’Sau neutral oder huet et eng positiv resp. negativ Konnotatioun? A wéienge Kontexter kann een d’Sau soen a wourop kann et referéieren – op weiblech/männlech Persounen, op Géigestänn, etc.?
Gäre kënnt Dir eis ënnert dem Bäitrag e Commentaire mat Äre Gedanken, Iddien an Erfahrungen zu dësen Aspekter hannerloossen!
E Beispill vun engem weiblechen Hond:
https://lb.wikipedia.org/wiki/Laika
Immens interessant Är Recherchen.
Ech froe mech just, wat dann elo „richteg“ ass. Oder solle mir den Net-Mammesproochler elo soen: sot wéi dir wëllt, souwuel de Maskulinum wéi de Neutrum gi gebraucht ?!?!
Villmools Merci fir Äre Feedback! Ech huelen un, dass Är Fro sech op d’Beispill mam weiblechen Hond (Kira) bezitt. Wéi ech am Bäitrag geschriwwen hunn, hänkt d’Variatioun domat zesummen, dass ee sech mam Pronomen entweder op ‚Hond‘ (wat e maskuliint Substantiv ass) oder op de weibleche Virnumm ‚Kira‘ (wat den Neutrum mat sech bréngt) bezéie kann. Dobäi ass awer keng vun deenen zwou Variante méi oder manner „richteg“ wéi déi aner. Et kéint een Net-Mammesproochler also op ebendës Variatioun bei der Referenz op e weiblechen Hond opmierksam maachen (an zousätzlech evtl. erwänen, dass et eng Tendenz/Preferenz fir den Neutrum ze gi schéngt). Schlussendlech ass dem Spriecher dann awer effektiv selwer iwwerlooss, fir wéi eng Variant e sech entscheet.