Mäin Numm ass Maike Edelhoff an ech siche fir meng Dokteraarbecht nach Leit, déi Loscht hunn, fir bei menger Etüd matzemaachen.

Wat ass de Sujet?
Et geet ëm d’Gemeinsamkeeten an d’Ënnerscheeder vun der lëtzebuergescher Sprooch am Grand-Duché an de muselfränkeschen Dialekter op der däitscher Säit.

Wéi gesäit d’Ëmfro aus?
Et ass e schrëftleche Questionnaire (ca. 30 Minutten Opwand) – virun allem fir unzekräizen an eenzel Wierder op Lëtzebuergesch ze schreiwen – et muss een NET Lëtzebuergesch schreiwe geléiert hunn

Wien ass gefrot?
2 Participante pro Gemeng, Dir sollt
– lëtzebuergesch Mammesproochler tëscht 30-45 ODER iwwer 50 sinn
– aus enger vun deene folgenden Uertschafte kommen a schonn ëmmer op der nämmlechter Plaz gewunnt hu resp. net méi wéi 10 km ewech geplënnert sinn
– op d’mannst een Elterendeel aus der nämmlechter Uertschaft hunn
– en Openthalt am Ausland ass kee Problem

Wéi eng Uertschafte si gefrot?

Kanton
Gemengen
Dikrech
Ärenzdallgemeng, Buerschent, Reisduerf
Esch-Uelzecht
Monnerech, Schëffleng
Gréiwemaacher
Fluessweller, Gréiwemaacher, Wuermeldeng
Iechternach
Bäerdref, Bech, Mompech
Kapellen
Koplescht, Stengefort
Klierf
Parc Housen, Wäisswampech, Wëntger
Lëtzebuerg
Nidderaanwen
Miersch
Fëschbech, Kolmer-Bierg
Réiden
Ell, Rammerech, Sëll, Wal
Réimech
Bus, Schengen, Stadbriedemes
Veianen
Tandel
Wolz
Bauschelt, Esch-Sauer, Wanseler, Wolz

Dës Uertschafte goufen iwwert e Raster sou ausgesicht, dass se gläichméisseg iwwer d’ganzt Land verdeelt sinn. Dir kommt aus engem Nopeschduerf? Mellt Iech roueg trotzdem.

Wéi kann ee matmaachen?
Mellt Iech einfach direkt bei mir (Maike Edelhoff:)
E-Mail: maike.edelhoff@uni.lu
Telefon: +352 46 66 44 5178 (mat Repondeur)

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.