Dëst Joer ass et nees esou wäit: De 7. November organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Porte ouverte bei eis um Campus Belval.

Ganz nom Motto “Op e Patt mat der Luxemburgistik” invitéiere mir Iech op en Apéro , bei deem Dir en Abléck an déi aktuell Fuerschung iwwert d’Lëtzebuergescht an d’Lëtzebuerger Literature kënnt kréien. Dobäi hutt Dir natierlech och d’Geleeënheet, mat eis an d’Gespréich ze kommen an Iech mat eis auszetauschen.
Jiddereen, deen Intressi huet, ass wëllkomm – eng Umeldung ass net néideg.

 

📍Campus Belval, Maison du Savoir, 1. Stack
📅 7. November 2019
⌚ 17:00 bis 19:00

Mir freeën eis, Iech op deem Rendez-vous begréissen ze kënnen!

 

Är Commentairen

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.