Déi schlecht Noriicht als éischt: Den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft bitt den Ament leider kee Colloque um Campus Belval un.
Déi gutt Noriicht: Dir kënnt d’Fuerscher an d’Fuerscherinnen an de CAPE zu Ettelbréck lauschtere goen! Vun Oktober 2023 bis Juni 2024 ass de Rendez-vous ëmmer méindes owes um 19:00. Dir kënnt Iech per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess fir déi eenzel Virträg umellen (Entrée: 11 €). D’Iwwersiicht vun de Datumer an de Sujete gesitt Der hei:
- Méindeg, 16. Oktober 2023
Fernand Fehlen: Zweesproocheg, dräisproocheg … wie bitt méi? - Méindeg, 06. November 2023
Christoph Purschke: Diskurs-Figuren: Wéi Politik an Ëffentlechkeet iwwer Sprooch schwätzen - Méindeg, 27. November 2023
Caroline Döhmer: Wéi schreift een eng aktuell Lëtzebuerger Grammaire? - Méindeg, 18 Dezember 2023
Peter Gilles: De Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen - Méindeg, 15. Januar 2024
Melissa Mujkić: Digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg - Méindeg, 26. Februar 2024
Cosimo D. Suglia: David a Goliath: Kleng Weltliteratur Lëtzebuerg? - Méindeg, 25. Mäerz 2024
Lou Pepin: Sproochastellunge vu Grenzgänger*innen zu Lëtzebuerg - Méindeg, 22. Abrëll 2024
Melanie Wagner: Sproochpolitik zu Lëtzebuerg - Méindeg, 13. Mee 2024
Jacques Spedener: Code-Switching am Lëtzebuergeschen - Méindeg, 10. Juni 2024
Jeanne E. Glesener: Lëtzebuerger Literatur am ëffentleche Raum
De komplette Programm an all d’Informatioune kritt Der am offizielle PDF: Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg.
Mir freeën eis op Iech!