Iwwer Wirschtercher, Moschter(t) a Réidercher

Ursprénglech wollte mir bei dësem Beispill vun eiser Schnëssen-Community wëssen, wéi fir si de Genus vun enger klenger Wurscht ass (en/eng Wirschtchen). Mee well d’Notzer*innen eis an den ca. 300 Opnamen zum Deel alles um Bild opgezielt hunn, hu mir dann och nach op de Moschter(t) an d’Réidercher gelauschtert, wat sou munch flott Resultater erausbruecht…

Details

Virtrag iwwer Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg

Am Kader vun der Linguistik-Aféierung an eisem Luxemburgistik-Master stoung haut d’Thema Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg um Programm. Dofir waren d’Nicole Sibenaler an de Fabio Giusti vun Daaflux souwéi d’Sabrina Collé an d’Mylène Straus vun der lëtzebuergescher Hörgeschädigten Beratung bei eis op Besuch. Am Virtrag ass et engersäits ëm d’Gebäerdesprooch(en) am Allgemengen, anersäits awer och ëm déi…

Details

Zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen

Nom Erfolleg vun der éischter Summer School zum Lëtzebuergeschen am September 2016 organiséieren d’Mataarbechter*inne vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Neioplo vun der Summer School, déi dëse September (9.-13.9.2019) um Campus Belval (Esch-Uelzecht) vun der Uni Lëtzebuerg stattfanne wäert. D’Summer School riicht sech u linguistesch interesséiert Student*innen, Doktorand*innen oder PostDocen, déi ee méi…

Details