Op wéi eng Sprooch ass Ären Handy agestallt?

De 24. Februar 1984 ass eist Sproochegesetz en vigueur getrueden an an deem Kontext ass et ubruecht, eng Auswäertung aus eise Schnëssen-Erhiewungen fir de konkrete Sproochegebrauch ze publizéieren. Wéi Der wësst, hu mer an der Schnëssen-App och e Froebou iwwert d’Sproochsituatioun, de Sproochegebrauch an déi subjektiv Sproochaschätzung integréiert. Nieft villen aneren Aspekter iwwert d’Verdeelung vun…

Dag vun der Mammesprooch: Schwätzt Dir en Dialekt?

Eng vun de leschten Aufgaben an der Schnëssen-App ass d’Fro Schwätzt Dir e lokalen Dialekt vum Lëtzebuergeschen? Wa jo, wéi en Numm huet deen da fir Iech?, mat där mir erausfanne wëllen, awéiwäit an der Lëtzebuerger Populatioun d’Bewosstsinn existéiert, dass Lëtzebuergesch eng eegestänneg Sprooch oder éischter eng Usammlung vu verschiddenen Dialekter ass. Doriwwer eraus soll…

Méi wéi 50 Auswäertungen aus der Schnëssen-App!

Entre-temps hu mir ganzer 54 Items aus den Erhiewunge vun der Schnëssen-App ausgewäert! 🤩 Bei enger duerchschnëttlecher Zuel vun 800 Opname pro Aufgab sinn dat méi wéi 40.000 Opnamen, déi d’Schnëssen-Ekipp duerchgelauschtert, analyséiert, klasséiert a visualiséiert huet. Net ze vergiessen, ass op dëser Plaz natierlech awer och de Merite vun de Participante*ën, déi am Kader vun eisem…