Spidol oder Klinick? Eng Auswäertung als symbolesche Merci un all d’Klinicken a d’Spideeler.

Natierlech kënne mir Sproochwëssenschaftler.innen eis net wéi aner Disziplinnen de Moment direkt am Kader vun der sanitärer Kris engagéieren. Wat mer awer maache kënnen, ass de Sproochgebrauch resp. d’Discoursen an dëser Zäit analyséieren oder eis mat bestëmmte Wierder beschäftegen, déi an Zäite wéi dëse méi dacks gebraucht ginn, a mat der Presentatioun vun eise Resultater…

Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…

D’Schnëssen-Auswäertung fir de 4. Advent: Resultater aus dem Froebou

Well mir Iech d’Adventszäit och dëst Joer erëm mat e puer flotten Auswäertungen aus der Schnëssen-App wëlle verséissen, fannt Dir haut hei am Fuerschungsportal an och op eise Social-Media-Kanäl (Facebook, Instagram an Twitter) fir de véierten Adventssonndeg e leschte kuerze Video. Dobäi geet et haut mol eng Kéier net ëm d’Opnamen, mee ëm Resultater vun…