D’n-Reegel am Lëtzebuergeschen – nei systematiséiert
D’n-Reegel gehéiert zu deene prominentste phonologesche Phenomeener vum Lëtzebuergeschen. Si beschreift d’Ewechloosse vum n um Enn vum Wuert an ass e Fall vun assimilatoresch motivéierter Elisioun, déi sech an der geschwatener Sprooch entwéckelt huet. Dem Prinzip no gëtt d’Realiséierung vun dësem finalen n vum nofollgende Laut determinéiert: Ee Grupp vu Lauter léisst den n stoen an den anere Grupp vu Lauter féiert dozou, datt den n net geschwat gëtt.
Grondprinzip vun der n-Reegel
Dëse Grondprinzip fënnt sech an der traditioneller Formuléierung, wéi se a ville Léierbicher, der offizieller Orthografie an och linguistesche Beschreiwungen ze fannen ass:
Den /n/ um Enn vun engem Wuert bleift nëmmen da stoen, wann dat follgend Wuert mat engem Vokal oder de Konsonanten [t, d, ts, h, n] ufänkt. An allen anere Fäll gëtt den [n] net geschwat (a meeschtens och net geschriwwen).
D’Ofhängegkeet vum nofollgende Laut bedéngt automatesch och, datt dësen direkt un d’Wuert virdru muss ugeschloss sinn, d.h., béid Wierder mussen an enger Rëtsch ouni prosodesch Ënnerbriechung ausgeschwat ginn. Esoubal eng Paus oder eng Hesitatiounspartikel dertëschent kënnt, ass d’n-Reegel suspendéiert an den n gëtt rëm realiséiert (mir hunn -<Paus>- grouss Defiziter, mir hunn – ëëë – grouss Defiziter). Dat selwecht gëllt, wann dat Wuert mat finalem n um Enn vun enger Phras steet, d.h., duerno kënnt och eng Paus. D’n-Reegel ass also ëmmer op den direkte phoneetesche Kontakt vun zwee Wierder ugewisen; et handelt sech ëm eng sou genannt ‚Sandhi‘-Reegel.
Dëse Kontakt bedeit ëmmer Kontakt tëschent sou genannte ‚phonologesche Wierder‘ (phonological words), also Wierder, déi eng bestëmmt Selbststännegkeet hunn. Dat kann och an engem Kompositum sinn (Kranke_keess, Assurancë_wiesen, Chancë_gläichheet) oder och am Kontakt mat enger Verbpartikel (u_fänken awer unzefänken, a_falen awer anzefalen), déi och als phonologesch Wierder gëllen, well se gréisstendeels op Prepositiounen zeréckzeféiere sinn. D’n-Reegel ass blockéiert (oder besser: net relevant) am Kontakt mat engem Wuertbildungssuffix, wou den n also ëmmer realiséiert gëtt, z.B. bei Eegenschaft, Wëssenschaft, männlech, gewéinlech, onscheinbar – an net: *Eege_schaft, *Wësse_schaft, *mä_lech, *gewéi_lech, *onschei_bar; oder bei den net-trennbare Wuertbildungspartikelen on- (onsécher, Onrou – net: *o_sécher, *O_rou) an in- (inkompetent). D’n-Reegel kann an dëse Fäll net applizéiert ginn, well en hei net op der Grenz mat engem phonologesche Wuert steet.
Vu datt et sech ëm eng phonologesch Reegel handelt, hänkt se net mat der Schreifweis zesummen oder ass se och op kee Fall vun der Schreifweis beaflosst. Si huet awer natierlech eng Ëmsetzung an der Orthografie. D’Schreifweis gëtt nämlech keng eendeiteg Hiweiser dorop, ob d’n-Reegel muss applizéiert ginn oder net: Den Yves, awer de Yachting, den Check-in, awer de_ Charel, den Utilisateur awer de User, den Gender-Debat awer de Genre-Discours, den RTL-Bäitrag, den LSAP-Minister, den CSV-Deputéierten etc. – an all dësen a villen änleche Fäll hëlleft d’Schreifweis vum nofollgende Wuert also net bei der Applikatioun vun der n-Reegel; dëst ass nëmmen iwwert d’Aussprooch méiglech. Aus Liesbarkeetsgrënn sinn an dësem Text d’Beispiller an der orthografescher Form geschriwwen, gemengt ass awer ëmmer déi phoneetesch Form. Méi Informatiounen iwwert d’Ëmsetzung vun der n-Reegel am Geschriwwene fënnt een am aktuelle Orthografiesreglement, Kap. 6.
Problemer vun der aktueller Reegel-Formuléierung
Obschonns dëse Grondprinzip op den éischte Bléck konsistent a systematesch schéngt, an och an der Didaktiséierung vun der Orthografie esou enseignéiert gëtt, erfaasst en déi eigentlech Regularitéit net adequat a féiert och ze vill Exceptiounen an. Änlech problematesch sinn och déi sproochhistoresch a phonologesch Analysen, an deene wichteg Generaliséierungen iwwersi gi sinn (z.B. Bruch 1954, Capesius 1966, Kiehl 2001, Gilles 2006, Ternes 2017), well net erkannt gouf, datt d’n-Reegel eebe keng isoléiert Reegel ass, mee ee Reegelkomplex, an deem sech morpho-phonologesch, lexikalesch a Frequenzeffekter vermëschen. Just iwwer Ausname kann z.B. erkläert ginn, firwat ee seet dënn gemaach (awer: de Guy), Enn fonnt, Ënn geschielt, Boun gekacht, Loun kritt, Seen gerass (awer: Stee geschlaff) etc. Eréischt wann dës allgemeng Aspekter fir sech geholl analyséiert ginn, léisst sech d’n-Reegel adequat souwuel fir den didaktesche Beräich (inklusiv d’Ëmsetzung fir d’Orthografie) wéi och theoreetesch fir d’Linguistik erfaassen.
D’Neiformuléierung, déi hei virgeluecht gëtt, füügt sech och an déi allgemeng sproochhistoresch Analys vun der ‚word-final n-deletion‘ an, wéi se sech och am Muselfränkeschen an Däitschland, der Belsch (Areler Land, Regioun St. Vith; deelweis och Regioun Eupen) oder Frankräich (Lorraine) an an der ripuaresch-limburgescher Transitiounszon an Holland manifestéiert (Gilles/Hinskens i.P.). Déi Lëtzebuerger n-Reegel léisst sech also domat an engem gréissere linguistesche Kontext konsistent analyséieren. Déi regional Verdeelung vun der n-Reegel ass och am ‚Mittelrheinische[] Sprachatlas‘ (MRhSA 1994-2002) dokumentéiert (z.B. fir den Typus ’schreiben bald‘ op der Kaart 442). Wat déi sproochhistoresch Entwécklung ugeet, deite verschidden Aspekter, déi hei net solle weider diskutéiert ginn, dorop hin, datt d’n-Reegel a fréineihéichdäitscher Zäit entstanen ass a schonn net méi aktiv war, wéi déi sou genannt e-Apokop agesat huet; erkennbar z.B. am Dialekt vum Oste vu Lëtzebuerg: *daine schine Geschichte > dain schin Geschicht. Well awer an dëse Fäll am Osten d’n-Reegel hei net applizéiert ka ginn (net méiglech ass am Osten dowéinst: *dai_ schi_ Geschicht), muss ugeholl ginn, datt n-Reegel säit deemols net méi produktiv ass.
D’Neiformuléierung
Wärend déi Konditionéierung vum n duerch d’Wuert duerno kruzial bleift, muss fir eng konsistent Neiformuléierung vill méi konsequent op d’Struktur vum n-Wuert selwer gekuckt ginn. An domat réckele morphologesch(-phonologesch), lexikalesch a Frequenzeffekter an de Fokus. Aus dëser Perspektiv gekuckt, ergi sech dräi Wuertklassen, déi iwwerhaapt fir d’n-Reegel relevant sinn; fir all aner Wierder ass deementspriechend d’n-Reegel irrelevant. Déi dräi Wuertklasse sinn no opsteigender Komplexitéit zortéiert, d.h.: Wierder mat morphologescher Endung [ən], Kuerzvokal + n, Laangvokal + n.
Wuertklass 1: Wierder mat morphologescher Endung [ən]
Wierder, déi mat enger morphologescher Schwa-Endung [ən] ophalen, ginn ouni Ausnam kategoresch vun der n-Reegel erfaasst. Dës Endung bezitt sech ë.a. op verschidde Verbal- oder Adjektivformen, d’Fouenelement -en- oder de Pluriel vu Substantiver, awer och Artikelen. Beispiller sinn: sichen, sammelen, kranken, Kranke_keess, Poubellen, den (Reduktiounsform vun deen), en (Reduktiounsform vun een). Wichteg ass hei de Krittär vum morphologesche Status: Nëmme wann et sech ëm morphologesch Endungen handelt, gräift d’n-Reegel. Wierder, déi zwar och mat [ən] ophalen, wou den n awer Deel vum Wuertstamm ass (Sënn [zən], Ënn [ən], dënn [dən]), sinn domat automatesch vun der n-Reegel ausgeschloss a mussen och net an enger Zousazreegel oder als Ausnamen traitéiert ginn. D’Wuertklass 1 operéiert domat strikt no dem morphologesche Status vum [ən]. Bezunn op d’Tokefrequenz kënnt d’n-Reegel an dëser Wuertklass am heefegste vir.
Wuertklass 2: Kuerzvokal + n
Dës Wierder hunn e kuerze Vokal am Stamm a sinn alleguerten eesilbeg oder final-betount wa méisilbeg. Wat méi wichteg ass: dëse Grupp ass op bestëmmt Wierder beschränkt, ass also lexikaliséiert, a besteet aus ca. 20, meeschtens héichfrequente Wierder:
- Prepositiounen a Prefixer: vun, un, an
- Konjunktiounen an Adverben: dann, dunn, wann, geschwënn, schonn, hin
- Verbalformen: hunn, dinn, stinn, kann, sinn, ginn, gesinn, gezunn, geflunn
Gemeinsam hunn déi allermeescht Wierder an dësem Grupp, datt et sech ëm Funktiounswierder an/oder héichfrequent Wierder handelt (mat gezunn a geflunn warscheinlech als Ausnamen). Wéi beim éischte Grupp gëtt d’n-Reegel hei kategoresch applizéiert. Automatesch ausgeschloss sinn deemno all Wierder, déi net an dësem Grupp sinn – an dat sinn der quantitativ och méi, z.B. Maschinn, Bobinn, Kabinn, Hunn, Stonn, Tonn, Nonn, Sonn, Gronn, Bunn, Krunn, Mann, Bann, Enn, Zänn, de Suffix -in (Frëndin, Léierin) an d’Wuertbildungspartikelen on- (onméiglech, Onrou) an in- (inkompetent), déi dowéinst och net méi komplizéiert als Ausnamen deklaréiert musse ginn. Aus didaktescher Perspektiv ass et dowéinst och méi einfach, sech just op dee lexikaliséierte Grupp vu Wierder ze konzentréieren.
Eventuell variabel, mee mat enger Tendenz, den n ze halen, sinn d’Nominaliséierunge vun de Verben gesinn a sinn: nom Ausgesi(nn) jugéieren, bei Bewosstsi(nn) bleiwen.
Wuertklass 3: Laangvokal + n
An dëser Wuerklass steet virum n e laange Vokal (Monophthong oder Diphthong) an et ass hei ze differenzéieren, ob d’n-Reegel kategoresch oder variabel applizéiert gëtt.
a) Kategoresch applizéiert
Och hei kristalliséiert sech e lexikaliséierte Grupp vu Wierder eraus, dee sech aus Pronomen, Artikelen an engem (héichfrequenten) Adjektiv zesummesetzt. D’n-Reegel ass hei wéi an der Wuertklass 2 lexikaliséiert a gëtt kategoresch applizéiert.
- Pronomen: een, hien/heen, wien/ween, mäin, däin, säin
- Artikel: deen, een (och als Kardinalzuel: ee_ Kand), keen
- Adjektiv: schéin
Gemeinsam hunn dës Wierder, datt se rëm héichfrequent an/oder Funktiounswierder sinn. Heihinner gehéieren och Zesummesetzunge mat anere Wierder, z.B. openeen, onschéin, déi sech wéi hier Grondwierder verhalen (openee_ stoussen, onschéi_ Geschicht, ee_silbeg).
b) Variabel applizéiert
Variabel gëtt d’n-Reegel applizéiert bei engem klenge lexikaliséierte Grupp vu bestëmmte Substantiver an engem Adjektiv:
- Steen, Reen, Been, Wäin, Schwäin, Schäin, Latäin, Parzeläin, Veräin
- fein
Variabel bedeit hei, datt d’Wuert den n verléiere kann, awer net muss, also Been gebrach niewent Bee_ gebrach. Dës Zort vu Variabilitéit gëtt och am Variatiounsatlas analyséiert. Quantitativ däerften hei Ënnerscheeder tëschent de Wierder ze beobachte sinn: Méi seele Wierder wéi Latäin, Parzeläin, Veräin weise warscheinlech wéineg n-Verloscht. Generell gëllt awer, datt d’n-Reegel an engem Kompositum, wou de Kontakt méi enk ass, och méi oft applizéiert gëtt wéi am Kontakt tëschent isoléierte Wierder:
- de Reen kënnt – awer: de Ree_mantel
- de Wäin schmaacht – awer: Wäi_fläsch
Och hei ass d’Konsequenz, datt automatesch all aner Substantiv ausgeschloss a fir d’n-Reegel blockéiert ass, oder besser formuléiert: d’n-Reegel ass fir dës Wierder net relevant. Dozou gehéieren all Wierder op -oun oder -éin – egal op geierft oder geléint (Natioun, Boun, Loun, Repercussioun; Spéin, Léin) oder weider Wierder mat laangem Vokal (Dron, Zon, Woon/Ween, Seen, Zeen, Chileen Phenomeen, Fön, Roman, germanofon etc.). Et ass evident, datt dëse Grupp méi grouss ass, wéi dee Grupp, wou d’n-Reegel kann applizéiert ginn.
Zesummegefaasst läit bei de Wierder mat laangem Vokal also och Lexikaliséierung vir, déi sech entweeder a kategorescher oder variabeler Applikatioun manifestéiert.
Extrafäll
1. E Fall vu stochastescher (= net gereegelter, zoufälleger) Variatioun läit vir an deem ganz spezifesche Kontext, wann e potenziellt n-Wuert virun de Funktiounswierder si/se, sech, säin/senger/sengem/sengen ze stoe kënnt. Hei ass quantitativ kee Muster fir d’Bäibehalen oder de Verloscht vum n ze beobachten, d.h. béid Forme kommen heefeg vir (vgl. och d’Kaarten am Variatiounsatlas):
- hunn se oder hu_ se
- ginn sech oder gi_ sech
- dann seng oder da_ seng
2. Änlech verhale sech d’Funktiounswierder sou, lo, rëm, virun deenen den n och variabel ewechfält oder stoe bleift. Hei spillt awer éischt de Fait eng Roll, datt dës Wierder dacks mat engem initialen [ə] virkommen, deen entweeder eng historesch Basis huet (herum > erum > erëm > rëm, allda > elo > lo) oder net (sou). D’Variabilitéit vun sou an esou féiert zu enger Onsécherheet, ob hei d’n-Reegel applizéiert muss ginn oder net. Dowéinst sinn hei eng Rëtsch Varianten ze beobachten (da_ sou, dann sou, dann esou, allerdéngs ganz seelen: da_ esou); vgl. d’Kaart fir ’sinn lo‘ am Variatiounsatlas.
3. E weidere Fall betrëfft den dertëschent gesatenen n (am LWB no engem Phenomeen am Algriichesche als ‚n ephelcysticon‚ oder ‚paragogeschen n‘ bezeechent), deen ënner ganz speziellen Ëmstänn optrëtt: an zwar wann zwéi Schwae vu Funktiounswierder openee géife stoussen, wat de Fall ass bei der Kombinn vu reduzéiertem Pronome plus Artikel. Fir dësen Hiatus vun zwéi Schwaen z’evitéieren, gëtt en n dertëschent gesat.
- Wann s de n e fënns, kanns de n en halen – awer: Wann s du e fënns, kanns du en halen.
Tëschent dem schwaache Pronomen de [də] an dem Artikel en [ə] kënnt hei also den [n]. Esoubal awer d’Pronome mat der voller Form geschwat ginn, daucht den ‚n ephelcysticon‘ net méi op: [duː ən] (vgl. z.B. d’Resultater fir den zitéierte Saz am Variatiounsatlas). Et ass allerdéngs an der Fuerschung nach onkloer, ob dëse spezifesche Phenomeen, deen net op d’Lëtzebuergescht beschränkt ass, iwwerhaapt eppes mat der n-Reegel ze dinn huet.
Conclusioun
D’Haaptresultat vun dëser Neiformuléierung, déi och meng eegen Analys, déi sech op eng reng phonologesch Approche konzentréiert hat, deelweis rektifizéiert (Gilles 2006), ass, datt d’n-Reegel vill méi lexikaliséiert ass, wéi virdrun ugeholl ginn ass. Et muss ee villméi eng Iwwerlagerung vu morphologeschen, phonologeschen a lexikalesche Facteuren usetzen, déi schlussendlech fir déi héich Komplexitéit vum Phenomeen responsabel ass. Aus dëser neier Vue resultéiert, datt dräi Wuertklassen differenzéiert musse ginn, déi op d’Wuertstruktur virum finalen n a besonnesch op de Vokal virdrun kucken. Doraus ergëtt sech, datt d’n-Reegel systematesch, kategoresch, lexikaliséiert oder variabel applizéiert ka ginn. Wat geleefegerweis also als eng n-Reegel bezeechent gëtt, ass domat éischter e Conglomerat vu verschiddene Reegelen. De Virdeel vun der Neiformuléierung ass net nëmmen eng besser Systematiséierung, mee och, datt just ganz wéineg Ausname mussen ugeholl ginn.
|
Extensioun |
Applikatioun |
1. Morphologesch Endung [ən] |
systematesch |
kategoresch |
2. Kuerzvokal + n |
lexikaliséiert |
kategoresch |
3. Laangvokal + n |
|
|
a. Pronomen, Artikel, schéin |
lexikaliséiert |
kategoresch |
b. Substantiver, fein |
variabel |
An dëser Form ass d’n-Reegel lo besser didaktiséierbar a kann och méi einfach informatesch modelléiert ginn.
Bibliografie
56201
{56201:LKGVQRUF},{56201:E74CNUQN},{56201:VN5JRTJG},{194723:AFZK36ME},{56201:XGT7RMWG},{56201:VCVJGUVI},{56201:NKI5QJ3Z},{56201:RRWNZ53Z}
1
apa
50
creator
asc
10578
http://infolux.uni.lu/wp-content/plugins/zotpress/
%7B%22status%22%3A%22success%22%2C%22updateneeded%22%3Afalse%2C%22instance%22%3Afalse%2C%22meta%22%3A%7B%22request_last%22%3A0%2C%22request_next%22%3A0%2C%22used_cache%22%3Atrue%7D%2C%22data%22%3A%5B%7B%22key%22%3A%22NKI5QJ3Z%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Bruch%22%2C%22parsedDate%22%3A%221954%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BBruch%2C%20R.%20%281954%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BDas%20Luxemburgische%20im%20Westfr%26%23xE4%3Bnkischen%20Kreis%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B.%20Linden.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22book%22%2C%22title%22%3A%22Das%20Luxemburgische%20im%20Westfr%5Cu00e4nkischen%20Kreis%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Robert%22%2C%22lastName%22%3A%22Bruch%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%221954%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22ISBN%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222011-10-27T16%3A57%3A00Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22VN5JRTJG%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Capesius%22%2C%22parsedDate%22%3A%221966%22%2C%22numChildren%22%3A2%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BCapesius%2C%20B.%20%281966%29.%20Die%20Behandlung%20des%20Auslautenden%20N%20in%20den%20siebenb%26%23xFC%3Brgisch-s%26%23xE4%3Bchischen%20Mundarten.%20%26lt%3Bi%26gt%3BZeitschrift%20F%26%23xFC%3Br%20Mundartforschung%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%2C%20%26lt%3Bi%26gt%3BXXXIII%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%282%29%2C%2097%26%23x2013%3B128.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22journalArticle%22%2C%22title%22%3A%22Die%20Behandlung%20des%20Auslautenden%20N%20in%20den%20siebenb%5Cu00fcrgisch-s%5Cu00e4chischen%20Mundarten%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Bernhard%22%2C%22lastName%22%3A%22Capesius%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%221966%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22DOI%22%3A%22%22%2C%22ISSN%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222013-07-03T11%3A12%3A24Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22LKGVQRUF%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Conseil%20fir%20d%20d%27L%5Cu00ebtzebuerger%20Sprooch%20%28CPLL%29%20and%20Zenter%20fir%20d%27L%5Cu00ebtzebuerger%20Sprooch%20%28ZLS%29%22%2C%22parsedDate%22%3A%222019%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BConseil%20fir%20d%20d%26%23x2019%3BL%26%23xEB%3Btzebuerger%20Sprooch%20%28CPLL%29%2C%20%26amp%3B%20Zenter%20fir%20d%26%23x2019%3BL%26%23xEB%3Btzebuerger%20Sprooch%20%28ZLS%29.%20%282019%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BD%26%23x2019%3BL%26%23xEB%3Btzebuerger%20Orthografie%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B.%20SCRIPT%20an%20ZLS.%20%26lt%3Ba%20class%3D%26%23039%3Bzp-ItemURL%26%23039%3B%20href%3D%26%23039%3Bhttps%3A%5C%2F%5C%2Fportal.education.lu%5C%2Fzls%5C%2FORTHOGRAFIE%26%23039%3B%26gt%3Bhttps%3A%5C%2F%5C%2Fportal.education.lu%5C%2Fzls%5C%2FORTHOGRAFIE%26lt%3B%5C%2Fa%26gt%3B%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22book%22%2C%22title%22%3A%22D%27L%5Cu00ebtzebuerger%20Orthografie%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22name%22%3A%22Conseil%20fir%20d%20d%27L%5Cu00ebtzebuerger%20Sprooch%20%28CPLL%29%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22name%22%3A%22Zenter%20fir%20d%27L%5Cu00ebtzebuerger%20Sprooch%20%28ZLS%29%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%222019%22%2C%22language%22%3A%22lb%22%2C%22ISBN%22%3A%22978-99959-1-163-8%22%2C%22url%22%3A%22https%3A%5C%2F%5C%2Fportal.education.lu%5C%2Fzls%5C%2FORTHOGRAFIE%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222020-12-09T14%3A50%3A08Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22VCVJGUVI%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Gilles%22%2C%22parsedDate%22%3A%222006%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BGilles%2C%20P.%20%282006%29.%20Phonologie%20der%20n-Tilgung%20im%20Moselfr%26%23xE4%3Bnkischen%20%28%26%23039%3BEifeler%20Regel%26%23x2019%3B%29.%20Ein%20Beitrag%20zur%20dialektologischen%20Prosodieforschung.%20In%20C.%20Moulin%20%26amp%3B%20D.%20N%26%23xFC%3Bbling%20%28Eds.%29%2C%20%26lt%3Bi%26gt%3BPerspektiven%20einer%20linguistischen%20Luxemburgistik.%20Studien%20zu%20Diachronie%20und%20Synchronie%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%20%28pp.%2029%26%23x2013%3B68%29.%20Winter.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22bookSection%22%2C%22title%22%3A%22Phonologie%20der%20n-Tilgung%20im%20Moselfr%5Cu00e4nkischen%20%28%27Eifeler%20Regel%27%29.%20Ein%20Beitrag%20zur%20dialektologischen%20Prosodieforschung%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Peter%22%2C%22lastName%22%3A%22Gilles%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22editor%22%2C%22firstName%22%3A%22Claudine%22%2C%22lastName%22%3A%22Moulin%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22editor%22%2C%22firstName%22%3A%22Damaris%22%2C%22lastName%22%3A%22N%5Cu00fcbling%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22bookTitle%22%3A%22Perspektiven%20einer%20linguistischen%20Luxemburgistik.%20Studien%20zu%20Diachronie%20und%20Synchronie%22%2C%22date%22%3A%222006%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22ISBN%22%3A%223825351564%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222011-10-17T08%3A21%3A19Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22RRWNZ53Z%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Gilles%20and%20Hinskens%22%2C%22numChildren%22%3A0%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BGilles%2C%20P.%2C%20%26amp%3B%20Hinskens%2C%20F.%20%28i.prep.%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BReconstructing%20the%20spread%20of%20word-final%20%5C%2Fn%5C%2F%20deletion%20in%20Central%20Franconian%20dialects.%20Internal%20and%20geographical%20dynamics%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22manuscript%22%2C%22title%22%3A%22Reconstructing%20the%20spread%20of%20word-final%20%5C%2Fn%5C%2F%20deletion%20in%20Central%20Franconian%20dialects.%20Internal%20and%20geographical%20dynamics%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Peter%22%2C%22lastName%22%3A%22Gilles%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Frans%22%2C%22lastName%22%3A%22Hinskens%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22manuscriptType%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%22i.prep.%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222025-07-08T16%3A11%3A03Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22E74CNUQN%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22lastModifiedByUser%22%3A%7B%22id%22%3A194723%2C%22username%22%3A%22Petergi%22%2C%22name%22%3A%22Peter%20Gilles%22%2C%22links%22%3A%7B%22alternate%22%3A%7B%22href%22%3A%22https%3A%5C%2F%5C%2Fwww.zotero.org%5C%2Fpetergi%22%2C%22type%22%3A%22text%5C%2Fhtml%22%7D%7D%7D%2C%22creatorSummary%22%3A%22Kiehl%22%2C%22parsedDate%22%3A%222001%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BKiehl%2C%20J.%20%282001%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BRegularit%26%23xE4%3Bt%20und%20Variabilit%26%23xE4%3Bt%20der%20n-Tilgung%20im%20L%26%23xEB%3Btzebuergeschen%20%28%26%23x201C%3BEifeler%20Regel%26%23x201D%3B%29%3A%20Ein%20un%26%23xFC%3Bberwachtes%2C%20induktives%20Lernverfahren%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%20%5BMagisterarbeit%5D.%20Universit%26%23xE4%3Bt%20Trier.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22thesis%22%2C%22title%22%3A%22Regularit%5Cu00e4t%20und%20Variabilit%5Cu00e4t%20der%20n-Tilgung%20im%20L%5Cu00ebtzebuergeschen%20%28%5C%22Eifeler%20Regel%5C%22%29%3A%20Ein%20un%5Cu00fcberwachtes%2C%20induktives%20Lernverfahren%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Johannes%22%2C%22lastName%22%3A%22Kiehl%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22thesisType%22%3A%22Magisterarbeit%22%2C%22university%22%3A%22Universit%5Cu00e4t%20Trier%22%2C%22date%22%3A%222001%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222025-07-21T13%3A27%3A22Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22XGT7RMWG%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A56201%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Ternes%22%2C%22parsedDate%22%3A%222017%22%2C%22numChildren%22%3A1%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BTernes%2C%20E.%20%282017%29.%20Die%20Eifler%20Regel%3A%20Eine%20Pr%26%23xE4%3Bzisierung%20ihrer%20Gesetzm%26%23xE4%3B%26%23xDF%3Bigkeiten%20%28nebst%20einer%20typologischen%20Einordnung%20des%20Ph%26%23xE4%3Bnomens%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BNOWELE%20-%20North-Western%20European%20Language%20Evolution%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%2C%20%26lt%3Bi%26gt%3B70%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%281%29%2C%2073%26%23x2013%3B88.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22journalArticle%22%2C%22title%22%3A%22Die%20Eifler%20Regel%3A%20Eine%20Pr%5Cu00e4zisierung%20ihrer%20Gesetzm%5Cu00e4%5Cu00dfigkeiten%20%28nebst%20einer%20typologischen%20Einordnung%20des%20Ph%5Cu00e4nomens%29%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Elmar%22%2C%22lastName%22%3A%22Ternes%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%222017%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22DOI%22%3A%22%22%2C%22ISSN%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222022-05-18T13%3A04%3A30Z%22%7D%7D%2C%7B%22key%22%3A%22AFZK36ME%22%2C%22library%22%3A%7B%22id%22%3A194723%7D%2C%22meta%22%3A%7B%22creatorSummary%22%3A%22Bellmann%20et%20al.%22%2C%22parsedDate%22%3A%221995%22%2C%22numChildren%22%3A0%7D%2C%22bib%22%3A%22%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-bib-body%26quot%3B%20style%3D%26quot%3Bline-height%3A%202%3B%20padding-left%3A%201em%3B%20text-indent%3A-1em%3B%26quot%3B%26gt%3B%5Cn%20%20%26lt%3Bdiv%20class%3D%26quot%3Bcsl-entry%26quot%3B%26gt%3BBellmann%2C%20G.%2C%20Schmidt%2C%20J.%20E.%2C%20%26amp%3B%20Herrgen%2C%20J.%20%281995%29.%20%26lt%3Bi%26gt%3BMittelrheinischer%20Sprachatlas%20%28MRhSA%29%26lt%3B%5C%2Fi%26gt%3B%20%28Vols.%201%26%23x2013%3B5%29.%20Niemeyer.%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%5Cn%26lt%3B%5C%2Fdiv%26gt%3B%22%2C%22data%22%3A%7B%22itemType%22%3A%22book%22%2C%22title%22%3A%22Mittelrheinischer%20Sprachatlas%20%28MRhSA%29%22%2C%22creators%22%3A%5B%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22G%5Cu00fcnter%22%2C%22lastName%22%3A%22Bellmann%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22J%5Cu00fcrgen%20E%22%2C%22lastName%22%3A%22Schmidt%22%7D%2C%7B%22creatorType%22%3A%22author%22%2C%22firstName%22%3A%22Joachim%22%2C%22lastName%22%3A%22Herrgen%22%7D%5D%2C%22abstractNote%22%3A%22%22%2C%22date%22%3A%221995-2002%22%2C%22language%22%3A%22%22%2C%22ISBN%22%3A%22%22%2C%22url%22%3A%22%22%2C%22collections%22%3A%5B%5D%2C%22dateModified%22%3A%222022-08-22T14%3A30%3A44Z%22%7D%7D%5D%7D
Bruch, R. (1954). Das Luxemburgische im Westfränkischen Kreis. Linden.
Capesius, B. (1966). Die Behandlung des Auslautenden N in den siebenbürgisch-sächischen Mundarten. Zeitschrift Für Mundartforschung, XXXIII(2), 97–128.
Conseil fir d d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL), & Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS). (2019).
D’Lëtzebuerger Orthografie. SCRIPT an ZLS.
https://portal.education.lu/zls/ORTHOGRAFIE
Gilles, P. (2006). Phonologie der n-Tilgung im Moselfränkischen ('Eifeler Regel’). Ein Beitrag zur dialektologischen Prosodieforschung. In C. Moulin & D. Nübling (Eds.), Perspektiven einer linguistischen Luxemburgistik. Studien zu Diachronie und Synchronie (pp. 29–68). Winter.
Gilles, P., & Hinskens, F. (i.prep.). Reconstructing the spread of word-final /n/ deletion in Central Franconian dialects. Internal and geographical dynamics.
Kiehl, J. (2001). Regularität und Variabilität der n-Tilgung im Lëtzebuergeschen (“Eifeler Regel”): Ein unüberwachtes, induktives Lernverfahren [Magisterarbeit]. Universität Trier.
Ternes, E. (2017). Die Eifler Regel: Eine Präzisierung ihrer Gesetzmäßigkeiten (nebst einer typologischen Einordnung des Phänomens). NOWELE - North-Western European Language Evolution, 70(1), 73–88.
Bellmann, G., Schmidt, J. E., & Herrgen, J. (1995). Mittelrheinischer Sprachatlas (MRhSA) (Vols. 1–5). Niemeyer.