Eng jiddesch Opnam aus Lëtzebuerg am ‚Language and Culture Archive of Ashkenazic Jewry‘
D‘Language and Culture Archive of Ashkenazic Jewry ass d’Haaptsource fir d’Dokumentatioun vum geschwatene Jiddeschen nom 2. Weltkrich. Initiéiert vum Uriel Weinreich hu Feldfuerscher an der ganzer Welt Opname mat, gréisstendeels aus hirer Heemecht verdriwwenen, Judden opgeholl. Säit enger Zäit sinn nieft dem Atlas och déi Audioopnamen ëffentlech accessibel.
Beim Duerchbliedere sinn ech do och op eng Opnam aus Lëtzebuerg gestouss, vun där och déi sougenannten fieldnotes virleien. D’Opnam ass an de Joren tëscht 1959 an 1972, aller Warscheinlechkeet no an den USA entstanen. An der Opnam gëtt e prominente Personnage interviewt, nämlech den Albert Nussbaum, vu 1940 u President vum Consistorium fir déi jiddesch Communitéit zu Lëtzebuerg, deen an der Stad Lëtzebuerg gelieft an iwwer Portugal 1942 an d’USA immigréiert ass. Den Interview ass sou strukturéiert, dass den Interviewer him (deelweis ganz suggestiv) Froen no engem preparéierte Froebou iwwert d’jiddesch Kultur a Sprooch stellt; d’Äntwerte ginn op eng stenografesch Manéier direkt an de Froebou agedroen. D’Sprooch wiesselt am Interview tëscht Englesch, Jiddesch an Däitsch.
Nieft dem zäithistoresche Wäert vun dësem Dokument geet et mir hei awer ëm d’Sprooch vum Albert Nussbaum. De ganzen Interview ass a Minutte-Stécker hei ëffentlech zougänglech. Am Ufank vum Gespréich freet den (amerikaneschen) Interviewer, a wéi enger Sprooch den Interview soll geféiert ginn an no kuerzem Hin-an-hier gëtt sech op Däitsch gëeenegt.
Aus der Prosodie héiert een direkt déi typesch Lëtzebuerger Intonatioun eraus (vgl. ), déi sech aus dem Lëtzebuergeschen op säin Däitsch iwwerdréit. Gefrot, wéi eng Sproochen hie schwätzt, seet hien: ‚Französisch, Deutsch, Englisch und working knowledge in Portuguese und Spanish und Italian‘. Lëtzebuergesch an och Jiddesch dauchen an där Lëscht allerdéngs net op.
Verstreet an dem Interview fënnt een Aussoen iwwert de Sproochegebrauch. Op d’Fro ‚Welche Sprachen haben die Juden in Luxemburg gesprochen?‘, äntwert hien ‚Platt‘. ‚Nicht Französisch!?‘, ‚No!‘. Aus där Bemierkung kann een domat och schléissen, dass den Här Nussbaum mam Lëtzebuergeschen opgewuess ass, an dass d’Sprooch och seng gewéinlech Ëmgankssprooch war.
Fro: ‚Haben Sie dieselbe Plattdeutsch gesprochen wie die andere Leute in Luxemburg?‘ Äntwert: ‚Ja, ja, genau dasselbe.‘ Fro: ‚Hat man z.B. ein Jude an seiner deutschen Aussprache erkennen können?‘ Äntwert: ‚Nein!‘
Heiansdo gëtt et op d’Lëtzebuergescht (hei ‚Platt‘) referéiert, z.B. wann d’jiddescht Wuert Tipen ofgefrot gëtt: ‚Tipe?‘ Äntwert: ‚Dëppen! Aber das ist schon ein, ein, kein jiddisches Wort mehr.‘ ‚Aber in Luxemburg bekannt?‘ Äntwert: ‚Bekannt, ja, der Goj hat es auch benutzt. Das ist der Dialekt!‘
An de field notes (éischt Zeil) ass d’Transkriptioun D3,P3N mat der Annotation DIALECT ze gesinn.
Manzoni, J. M. (2018). Luxemburgische Intonation: System und Sprachkontakt [PhD Dissertation, University of Luxembourg, Luxembourg]. http://orbilu.uni.lu/handle/10993/36117
Gilles, P. (2015). Variation der Intonation im luxemburgisch-moselfränkischen Grenzgebiet. In M. Elmentaler, M. Hundt, & J. E. Schmidt (Eds.), Deutsche Dialekte. Konzepte, Probleme, Handlungsfelder (Vol. 158, pp. 135–150). Steiner. http://orbilu.uni.lu/handle/10993/4203