De Colloque vun der Luxemburgistik am Hierscht 2024
No enger klenger Paus starte mer nees mam Colloque vun der Luxemburgistik! Hei eise Programm fir den Hierscht 2024.
No enger klenger Paus starte mer nees mam Colloque vun der Luxemburgistik! Hei eise Programm fir den Hierscht 2024.
Mir vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft freeën eis, Iech op eng wëssenschaftlech Konferenz opmierksam ze maachen, déi vum 8.10.-10.10. um Campus Belval ass. Invitéiert sinn international Fuerscher a Fuerscherinnen am Beräich Movéierung (sproochlech Referenz op Fraen an d’Markéierung dovunner). Well et eng international Konferenz ass, sinn d’Sproochen Däitsch an Englesch. Et besteet d’Optioun,…
Alljoers am Mäerz organiséiert den FNR (Fonds national de la Recherche) eng Aktioun mam Numm Researchers at school / Chercheurs à l’école, bei där Wëssenschaftler.innen hire Beruff a Lëtzebuerger Lycéeë virstellen (Detailer ënnen). Dëst Joer waren och zwou Fuerscherinnen aus der Luxemburgistik derbäi. Leschte Mëttwoch war d’Melissa Mujkić an der École Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck…
Déi schlecht Noriicht als éischt: Den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft bitt den Ament leider kee Colloque um Campus Belval un. Déi gutt Noriicht: Dir kënnt d’Fuerscher an d’Fuerscherinnen an de CAPE zu Ettelbréck lauschtere goen! Vun Oktober 2023 bis Juni 2024 ass de Rendez-vous ëmmer méindes owes um 19:00. Dir kënnt Iech…
Du intresséiers dech fir d’Lëtzebuergescht als Fach? Mat senger Literatur, Struktur a sozialer Dynamik? Du wëlls e Studium mat engem breede Spektrum vu Sujeten an enger gudder Betreiung? Da schreif dech nach séier an op der Uni.lu fir de Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur. Hei nach e puer Infoen als PDF:…