Et gëtt eng nei Ëmfro, bei där Är Ënnerstëtzung gefrot ass. D’Christina Schmidt vun der Universitéit Regensburg (an a Kooperatioun mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg) probéiert am Kader vun hirer Dokteraarbecht méi iwwert d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erauszefannen. Dobäi ass net nëmme d’Perspektiv vun deene gefrot, déi hei am Land wunnen, ma och vun deenen, déi hei schaffen resp. studéieren.
Matmaache kann also jiddereen, deen zu Letzebuerg lieft an/oder schafft resp.. studéiert. D’Ëmfro kann een op Däitsch, Franséisch oder Englesch ausfëllen an dauert 15-20 Minutten. Lëtzebuergeschkenntnisser sinn deemno keng Viraussetzung.
Hei geet et bei d’Ëmfro: https://easy-feedback.de/sondage-plurilinguisme-au-luxembourg/1182908/A9814Y-7279cf378221f446c53a5446e7669a16-changeLang-431136
Bei Froe kënnt Dir Iech per E-Mail beim Christina Schmidt mellen: christina3.schmidt@stud.uni-regensburg.de.