Eng Sproochkaart, déi ech scho laang wollt zeechnen: D’Verdeelung vun der ‚Endung‘ vun de Wochendeeg am Lëtzebuergeschen. D’Sprooch weist haut relativ vill Variatioun bei de Wochendeeg op
Wochendag op -deg |
Wochendag op -den |
Méindeg |
Méinden |
Dënschdeg |
Dënschden |
Donneschdeg |
Donnschden |
Freideg |
Freiden |
Samschdeg |
Samschden |
Sonndeg |
Sonnden |
‚t stellt sech d’Fro, ob fir déi Variatioun eng regional Ursaach ze fannen as. Déi kartéiert Donnéeë stamen aus zwou alen Dialekterhiewungen aus der leschter Joerhonnertwenn. 1888 huet de John Meier nom Wenker senger Method déi lëtzebuergesch Dialektlandschaft erhuewen an 1924 huet de Richard Huss datselwecht nach eng Kéier gemaach. Dës Donnéeë sinn an der folgender Kaart fir de Südwesten agedroen (Merci un d’Yulia Motovilova fir d’Auswäertung!).
Kaart an neier Fënster opmaachen
An der Kaart kann ausgewielt ginn, ob d’Verdeelung fir Dënschdeg oder Freideg resp. fir d’Joer 1888 oder 1924 soll gewise ginn (‚Visible Layer‘). Duerch e Klick op d’Symbol kritt ee fir déi jeeweileg Uertschaft och d’Realiséierunge fir déi aner Wochendeeg gewisen. Déi donkelblo Symboler representéieren d’Virkomme vu Wochendeeg op -en. Generell kann een esou erkennen, dass sech Dënschden a Freiden just am Südweste fënnt (kuckt och déi entspriechend Kaart am Luxemburgischen Sprachatlas vun 1963).
‚t sief extra ernimmt, datt et sech ëm en historeschen Zoustand vun der Sprooch handelt an et misst een eng Neierhiewung ënnerhuelen, fir den haitegen Zoustand gewuer ze ginn. Et schéngt mir awer evident ze sinn, dass sech d’Formen op -en haut weider am Land ausgebreet hunn. Et ass also an deem Fall interessanterweis de Minette an net den Zentrum vum Land, deen eng sproochlech Innovatioun virundréit (kuckt och mäi Bäitrag Sprache im Minette). Wéi gesot, et gëtt Zäit, dass déi haiteg regional Variatioun, déi eng komplett aner wéi viru 100 Joer ass, nei erhuewe gëtt…