Wat ass ‚Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung‘?

Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren.

Egal, ob Dir niknit oder net sot, ob Dir oft séier oder dacks schnell sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen! Matmaache ka jidd(w)ereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt – egal, ob jonk oder al, Mammesproochler oder net, ob vu Steebrécken, aus dem Pommerlach oder vun der Wuermer Köppchen. Mir wëllen dat ganzt Spektrum vum Lëtzebuergeschen héieren: Schwätzt an eis App eran – spontan a sou wéi gewinnt, egal aus wéi engem Eck vum Land Dir kommt. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir eis immens bei der Erfuerschung vun der Sprooch an hiren Dialekter.

 

 

Iwwert d’App kënnt Dir all Opnam direkt lauschteren an dobäi d’Villfältegkeet vum haitege Lëtzebuergesche kenneléieren. D’Zil ass et, d’Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d’Fuerschung ze dokumentéieren.

An eiser App, op Facebook an op eiser Säit op Infolux kënnt Dir Iech reegelméisseg iwwer déi neist virleefeg Auswäertungen informéieren a gitt iwwer alles wat an a ronderëm d’App geschitt um Lafende gehalen.

Presentatioun vum Virtrag ‚Schnëssen-App: Konzept – Duerchféierung – Éischt Resultater‚ (5.11.2018)

Dës App ass Deel vun engem Projet op der Universitéit Lëtzebuerg (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft).

Team Schnëssen
  • Nathalie Entringer
  • Peter Gilles
  • Judith Manzoni
  • Sara Martin
  • Christoph Purschke

1 thoughts on “Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung

  1. Frank Kremer

    Eng weider flott Initiativ fir d’Leit alleguer an d’Lëtzebuerger Boot ze huelen

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.