D’Rentrée leeft op Héichtouren an et komme vill nei opreegend Erfarungen op een zou. Ma och an der Schnëssen-App gëtt et eppes neits an zwar ganzer 2 nei Froebéi.

Deen een interesséiert sech fir d’Variatioun am Lëtzebuergeschen an den Astellunge vis-à-vis vun dëser, woubäi deen aneren de Fokus op sproochlech Preferenzen am Lëtzebuergesche leet.

Ëm wat geet et?

Zum engen ass ënner anerem d’Fro ze beäntwerten, wéi eng Dialekter vum Lëtzebuergesche besonnesch schéi bzw. besonnesch ellen am eegenen Ouer klengen a wéi eng bekannt Persounen der eegener Meenung no virbildlecht Lëtzebuergesch schwätzen. Zum anere geet et awer och dorëm, ob engem a Sätz, wéi „Wat huet dee Klengen elo schonn erëm fir eng Sauerei gemaacht!“ oder „Ech hätt gär zwou Aachtercher an e gefëlltene Croissant.“ eppes opfält. Béid Froebéi si ganz einfach an der App ënnert der Rubrik „Froebou ausfëllen“ op der éischter Säit ze fannen an daueren och just 10 respektiv 15 Minutten.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dës Froebéi sinn Deel vum der Nathaie Entringer sengem Dissertatiounsprojet, dee sech mat Variatioun, Perzeptioun a Standardiséierung vun an am Lëtzebuergesche beschäftegt.

Dir wëllt matmaachen? Da luet luet Iech d’App erof – oder wann Dir scho Schnëssert sidd – maacht d’App op a leet lass! Et waarden vill spannend Froen op Iech.

 

Iwwer d’Schnëssen-App: Schnësst mat!

„Schnëssen“ ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum „Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

Maacht och Dir mat, dass d’Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d’App Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

 


Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

 

 

 

 

 

 

Är Commentairen

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.