Fir dës Auswäertung hu mir eis ganzer 833 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Wéi ëmmer ginn et eng sëlleche Méiglechkeeten, fir dëst séisst Gebäck ze bezeechnen. Am heefegsten ass dobäi mat 64% (532) d’Variant „Eisekuch“ virkomm, virun der „Wafel“ mat 17,1% (142) an der „Gaufre“ mat 5,7% (47). Ze erwäne sinn och nach d’Varianten „Waffel“ an „Gaufer“ (also eng bësse verlëtzebuergescht Versioun vun der franséischer „Gaufre“). Am Diagramm gesitt Dir déi genau Verdeelung vun de verschiddene Varianten.
Nieft dëse Bezeechnungen, déi méi oft genannt goufen, konnte mir mat eiser App awer och méi selte Variante sammelen. Iwwert déi freeë mir eis natierlech ëmmer besonnesch:
Zu Rëmeleng gouf „Schënteren“ eemol genannt, eng Bezeechnung, déi och schonn am LWB (Luxemburger Wörterbuch) als lokal Variant festgehalen ass. Doriwwer eraus ass d’Variant „Häipen“ vereenzelt virkomm; och dës ass am LWB fir de Raum Schwéibsbeng/Bech-Maacher/Réimech beluecht. Héieren hu mer dann am Minett nach jeeweils eng Kéier „Paangech“, „Panekuch“ a „Paangechten“.
D’Verdeelung vun de verschiddene Varianten no Alter ergëtt dës Kéier kee kloert Bild. Obwuel den „Eisekuch“ an allen Altersgruppen d’Haaptvariant ass, kann een am Diagramm erkennen, dass sech d’Variatioun duerch all d’Altersgruppen zitt.
Eng ganz flott a faarweg Kaart ergëtt sech dann, wann een sech déi regional Verdeelung vun den diverse Bezeechnungen méi genau ukuckt: Am Éislek(eschen) dominéieren d‘“Wafelen“ ganz kloer; den „Eisekuch“ kënnt hei nëmme vereenzelt vir. Fir de Rescht verdeelt sech den „Eisekuch“ sou zimlech am ganze Land; am Raum Bäerdref/Uesweller/Gréiwemaacher (a vereenzelt Réimech a Wuermer) kënnt säi Pendant „Eisekouch“ vir. Doriwwer eraus fält och nach op, dass d’Varianten „Gaufre“ a „Gaufer“ virun allem am Zentrum an am Minett verdeelt sinn.