Virschau op de Colloque vum 08. November 2016

Nächsten Dënschdeg schwätzt d’Sarah Martin iwwert e Phänomen am Lëtzebuergeschen, deen auslännesche Spriecher immens schwéier ze erklären ass. A senger Zesummefaassung gitt Dir méi doriwwer gewuer:   Hatt oder si – Genuszouweisung bei der Referenz op weiblech Persounen am Lëtzebuergeschen Wéini benotzen  d‘Spriecher hatt a wéini si, wann een am Lëtzebuergeschen op eng weiblech Persoun referéiert?…

Nei Smartphone-App: Lingscape

Eis nei App Lingscape ass intendéiert, fir d’Sprooch vun der ëffentlecher Beschëlterung ze erhiewen – Stroosseschëlter, Graffitien, Affichen, Beschrëftunge vu Butteker oder Restauranten etc. etc. D’Zil ass et, en Iwwerbleck iwwert d’Verdeelunge vu Sproochen am ëffentleche Raum ze kréien an awer och den allgemeng interesséierte Public an de Fuerschungsprozess ze integréieren. Jiddereen ass agelueden, Photoen,…

D’Gei jéngt am Hämmelsmarsch – d’Etymologie vun ‚jéngen‘

Am lëtzebuergesche Linguistik-Cours hu mer haut versicht, d’Etymologie vum Verb jéngen ze ënnersichen. D’Verb ass mëttlerweil net méi sou vill am Gebrauch, mee et lieft awer op enger wichteger Plaz an der eelerer Literatur a besonnesch am Lidd vum Hämmelsmarsch (Michel Lentz) weider, wou et direkt am Ufank heescht: ‚T ass Kiermesdag an eng Gei jéngt muerges…

Virschau op de Colloque interne vum 18. Oktober 2016

A sengem Virtrag nächsten Dënschdeg schwätzt de Christoph Purschke doriwwer, wéi däitsch Spriecher hir ënnerschiddlech Regionalsproochen ëmpfannen a beurteelen. Dobäi geet hien op d’Problematik an, wéi een esou eppes Subjektives ka methodesch ugoen a presentéiert Resultater dozou aus enger Froboustudie. Eng bësse méi detailléiert Beschreiwung zum Virtrag fannt Dir hei a senger Zesummefaassung, oder Dir kënnt –…