Am lëtzebuergesche Linguistik-Cours hu mer haut versicht, d’Etymologie vum Verb jéngen ze ënnersichen. D’Verb ass mëttlerweil net méi sou vill am Gebrauch, mee et lieft awer op enger wichteger Plaz an der eelerer Literatur a besonnesch am Lidd vum Hämmelsmarsch (Michel Lentz) weider, wou et direkt am Ufank heescht: ‚T ass Kiermesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass. D’Bedeitung léisst sech iwwert d’LWB séier erausfannen:

jhéngen (lok. auch jéngen, jhingen) intr. Verb.: 1) «mißtönend spielen» — im Hämmelsmarsch (s. d. II/ S. 133) heißt es: ‚t as Kiirmesdag, an eng Gei jhéngt muerges an der Gaass; 2) «greinen, weinerlich reden» —dazu die Abl.: Gejhéngs N.; 3) «ächzen» (von ungeschmierten Maschinenteilen).

D’Wörterbuch der luxemburgischen Mundart weess och vun engem Jengert (m., 1. schlechter Geigenspieler; 2. Kind, das viel weint.) ze zielen. An der selwechter oder enger ähnlecher Bedeitung kennt d’Rheinische Wörterbuch jingen, d’Pfälzische Wörterbuch jängsen, jänksen an d’Elsässische Wörterbuch jänxe. D’Wuert ass also méi wäit an de Nopersproochen/-dialekter verbreet. 

Fir d’Etymologie ze kréien, muss een allerdéngs méi wäit siche goen. Héchstwahrscheinlech handelt et sech ëm e geléintent Wuert aus dem Flammänneschen – janken, dat lautmolend d’Gejéimers vun engem Mupp oder enger Gei representéiert. Hei den Artikel aus dem Vroegmiddelnederlands Woordenboek:

janken
Woordsoort: ww.intr.
Modern lemma: janken
Middelnederlandsch Woordenboek: janken
Oudste attestatie: West-Vlaanderen, 1285
Aangetroffen spelling: janken
Etymologie: Volgens WNT en De Vries/De Tollenaere van oorsprong klanknabootsend.

1. Van een muziekinstrument: janken, een jankend geluid voortbrengen.
2. Van een persoon: klagen, zeuren.

Dat flammännescht Verb janken muss da beim Import an d’Lëtzebuergescht an den Ëmlaut eragerode sinn, sou dass sech [a] an e viischte Vokal [e, æ] verännere konnt.

2 thoughts on “D’Gei jéngt am Hämmelsmarsch – d’Etymologie vun ‚jéngen‘

  1. Hoffmann-Felten Irène

    Mir soen haut nach: den Hond jéngst (am Éislek jingst) virun der Dier, looss e ran (en eran).
    Dat Gejéngs (Gejings) a Gesouers geet mer op de Su.

    • Merci fir den Hiweis. Ech hunn den Text bëssen ugepasst.

Är Commentairen