Panech, Paangech & Co.

Wat mer all esou gär iessen, ass sproochhistoresch aus dem muselfränkesche pan + kuch entstanen, an huet am Lëtzebuergesche vun haut eng Rei Varianten ervirbruecht, déi iwwerdeems och eng regional Verdeelung opweisen. Iwwert d’Schnëssen-App konnte mer 870 Beleeger sammelen. D’Kaart féiert am Ganzen aacht Formen op, déi méi oder manner heefeg gebraucht ginn. Mat ca. 40% ass Panech am…

„D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“

Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen…

E Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu „kafen“

Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d’Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d’Rei vun dëse Phenomener.   Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft – kof  an k[ɔː]ft – k[ɔː]f. Geheie mir fir d’éischt ee Bléck op d’Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft…