Neit Buch: Die Luxemburger Mehrsprachigkeit

Endlech ass d’Buch, dat den Andreas Heinz an ech iwwer d’Resultater vum Recensement geschriwwen hunn, do. D’Resonanz an der Presse war ganz gutt, beschränkt sech iewel noutgedrongen op ganz allgemeng Aspekter an dobäi hu mer wierklech mat villem Neiland betrueden: Diversitéitsindex Sproochlech Integratioun geographesch Verdeelung vun de Sproochen d’Schüler am Ausland d’Allophonen eng detailléiert Vue…

Réckbléck: De Colloque interne vum 29.03.2016 : „Die Primärschulreform von 1912. Die Luxemburger Dreisprachigkeit nimmt ihre (vorläufig) definitive Form an“

D’Lëtzebuerger Dräisproochegkeet ass an der Periode vun 1841, wou de Lëtzebuerger Staat déi éischt eegestänneg politesch an administrativ Institutioune kritt huet, bis an d‘1920 er Joren, wou e sech no der Opléisung vum Däitsche Zollveräin wirtschaftlech huet missen nei opstellen, entstaan. Dës Thees probéiert de Fernand Fehlen ze beleeën, andeems en Diskussiounen ëm d’Primärschoulgesetz ënnersicht.…

Réckbléck: de Colloque interne vum 5. Abrëll 2016

Den éischte Virtrag am Colloque interne fir dëst Semester hat den Titel „D’Perzeptioun vun de Lëtzebuerger Dialekter aus der Siicht vu linguistesche Laien. Eng empiresch Etude unhand vu Mental Maps“ a gouf vum Sara Martin, Masterstudentin an de Lëtzebuerger Studien, gehalen. Am Virtrag gouf eng empiresch Etude virgestallt, déi  sech mat Aussoe beschäftegt, wéi Laie…

Ëmfro iwwert „hatt“ a „si“

Am Kader vun engem Projet am „Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft“ op der Universitéit Lëtzebuerg gëtt de Gebrauch vun „hatt“ a „si“ ënnersicht. Fir méi iwwert den alldeegleche Gebrauch an d’Charakteristike vun dësem Phänomen am Lëtzebuergesche gewuer ze ginn, sicht d’Uni Lëtzebuergesch-Spriecher, déi bereet sinn, als Fräiwëlleger en Online-Froebou auszefëllen. All Lëtzebuergesch-Spriecher kënne matmaachen;…

Automatic phonetic transcription of Luxembourgish

Based on two available tools for automatic phonetic transcription, an adaption for the Luxembourgish language has been developed recently. The tool converts any written input – orthographically correct or not –  into the corresponding phonetic transcription (grapheme-to-phoneme conversion, g2p). Existing algorithms g2p systems like Sequitur g2p or the more recent Gramophone take an amount of training data to generate…