Sou schnësst eist Land – eis Schnëssen-Rubrik am Télécran

Zënter elo schonn aacht Woche presentéiere mir Resultater aus der Schnëssen-App am Télécran. Mir beschäftegen eis hei all Woch mat engem anere Variatiounsphenomeen, dat mir am Kader vun der App erhuewen an ausgewäert hunn. Dir fannt hei deemno all Woch flott Kaarten, Grafiken an e klengen Text, déi Iech verschidde Besonneschkeete vum Lëtzebuergesche méi no…

Nei Publikatioun: Sproochen um Aarbechtsmaart 1984-2019

À partir d’un échantillon d’offres d’emploi publiées dans le Luxemburger Wort et portant sur la période 1984-2019, cette étude décrit la variété et l’évolution des compétences linguistiques exigées (ou souhaitées) sur le marché du travail du Luxembourg. Il s’agit de la quatrième mise à jour de l’analyse initialement effectuée sur la période 1984-1999. Isabelle Pigeron-Piroth…

Neie lëtzebuergesche Sproochatlas online

‚t ass eis eng grouss Freed, no laanger Virbereedungszäit den neie lëtzebuergesche Sproochatlas unzekënnegen, deen an der éischter Phas online publizéiert gëtt. Den ‚ale‘ ‚Luxemburgischer Sprachatlas‘ datéiert an d’Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass also evident, datt sech d’Sprooch villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet. An dësem neien…

Neies an der Schnëssen-App: Maacht mat!

Nom grousse Succès vun den éischte Ronne vun eiser Schnëssen-App an de leschten zwee Joer, si mir mëttlerweil scho bei der 7. Ronn vun eisen Erhiewungen iwwert den aktuelle Sproochgebrauch am alldeegleche Lëtzebuergeschen ukomm.Jiddereen, dee Spaass oder Interessi un der Sprooch huet, ka matmaachen. Dir sicht e klengen Zäitverdreif? Da maacht mat bei eiser Spezialeditioun zum Theema COVID-19 an der Schëssen-App. Et waarde…

Virtuelle Colloque vun der Luxemburgistik – Summersemester 2021

Och an dësem Semester fënnt eise Colloque vun der Luxemburgistik erëm mat interessante Bäiträg statt. Dës Kéier beweege mer eis vun der Normverhandlung a -verbreedung vum geschriwwene Lëtzebuergeschen, iwwer fiktiv Konfiguratioune vum Literaturbetrib an der Literatur an d’Lëtzebuerger Futtballsprooch bis hin zur Sentimentanalys. Wéi och d’lescht Semester fënnt de Colloque online iwwer WebEx statt an…