Ech sinn op der Sich no der Etymologie vum Wuert „Pëggi“. Dat si jo bekanntlech ons belsch Noperen. Mais wou kënnt dat Wuert eigentlech hier?
- Francis BASTIAN asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Jhemp oder Jemp? jiipsen oder jhiipsen? Trapejhang oder Trapejang? Ech duecht, deen „h“ hanner dem „j“ wier ofgeschaaft ginn?
- Clément Claire asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Ech hätt zwou Froen zur Lëtzebuerger Schreifweis a géif mech freeën, wann Dir mir weiderhëllefe kéint: 1) Ass festgeluecht, wéini e Bindestréch am Singulier geschriwwe gëtt? z.B. e Rond-point oder e Rond point? 2) Ass festgeluecht, wéini en „C“ a wéini en „K“ geschriwwe gëtt? LOD: eng Konditioun, mee… eng Confirmatioun, eng Configuratioun Ech soen Iech villm[…]
- Remy Reichert asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Et seet een am Sproochgebrauch: en Aarsch wéi en Kasärestack (wann een en decken Hënneschten huet). Mee, wat soll dat sinn – „Kasärestack“ – wees emol guer net, wéi een dat soll richteg schreiwen.
- PAULUS YVONNE asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Weess ee vun Iech, wou di Riedensaart „se net méi all um Chrëschtbeemchen hunn“ hierkënnt?
- Beffort asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Wéisou ass et: WELL ech kann, WELLS du kanns, WELL hee kann, WELL mir kennen… a WELL dat sou ass? Wéisou kënnt bei WELLS du en s?
- Nora Schleich asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
D’Lëtzebuergescht huet mat de Formen „sie/hir“ an „hat/seng“ jo zwou Manéieren, fir iwwer Fraen ze schwätzen. Engersäits ginn bekannt Persounen an jonk Meederscher mat „hat“ an „seng“ ugeschwaat, mä Respektpersounen an onbekannt Fraen ginn mat „sie“ an „hir“ ugeschwat. Mech géif interesséieren wouhier dat kënn[…]
- Joël Adami asked 10 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
- Hoffmann-Felten Irène asked 10 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
Meng Securité sociale s Kaart?? Wéi schreift een “Securité sociale s Kaaart” richteg, w.e.g.? Kënnt do den „s“ eleng stoen, wéi an de Locutiouen “ob s De, wann s De, …” oder muss en attachéiert ginn (Securité sociales Kaart), mee dann hätte mer eng bosseg franséisch Form, déi géif ausgesinn, wéi wann e Singulier (an dann och nach ouni Accent aigu op der éischter Silb an[…]
- Chantal Boly asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
Moien, ech hunn eng Fro zum Adjektiv „lieders“, wéi deklinéert een dat richteg? Am weiblechen kritt et jo keng Endung, also „eng lieders Posch“, mee wéi ass et am männlechen an am sächleche Fall. Ech hunn dat néierens fonnt. Fir richteg misst et jo heeschen, “ e liedersse Fotell“ an e „liederst Bett“. Mee, dat hunn ech net fonnt, just ̶[…]
- Marie-Anne Christen asked 9 Jahren ago
- last active 9 Jahren ago

