Op e Kaffi mat der Luxemburgistik : déi 1. Porte ouverte vum Laboratoire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur war en Erfolleg!

Den 19. Oktober huet de Laboratoire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur eng éischte Kéier seng Diere fir de grand Public opgemaach. Dësen „Dag vun der oppener Dier“ war ee vollen Erfolleg. Eng ronn 100 Leit hunn eis am Cercle Cité opgesicht, sech iwwert eis Fuerschungsaarbechten informéiert a mat eis verschidden Aspekter vun der Lëtzebuerger Sprooch…

Wat ass Jugendsprooch? Eischt Iwwerleeungen zu enger Serie vu Commentairen

Allgemeng sinn hautdesdaags d’Sproochfäerdegkeete vun de Jugendlechen ëmmer erëm den Inhalt vu kontroversen Diskussiounen. Heibäi wëll ech awer net iwwert déi schoulesch Kompetenze vun de Jugendlechen diskutéieren, mee vill méi op d’Alldagsformen hiweisen; wéi si ënnertenee schwätzen. Dozou muss een direkt soen, datt „Jugendsprooch“ esou per se net existéiert. Jugendsprooch ass am Fong e Label, dee vu bausse…

„Dat ka mer jo eng komisch Dokteraarbicht ginn.“ Reaktiounen op d’Sich no Fräiwëlleger fir eng Dokteraarbecht zur Lëtzebuerger Sprooch

(Dësen Text gouf mam selwechten Titel d’éischt publizéiert an der Zäitschrëft FORUM, Nr. 328, Abrëll 2013; do feelen allerdéngs d’Foussnotten, déi an där heite Versioun drastinn.) Am Kader vu menger Dokteraarbecht zu Aussproochvarianten am Lëtzebuergeschen un der Uni Lëtzebuerg hunn ech am Hierscht 2012 een Opruff an der Press gemaach fir Fräiwëlleger ze fannen. Iwwerrascht huet…

Haut virun 120 Joer … Nom Staatsbegriefnis, ee Nationalmonument

Einige Tage nach dem Staatsbegräbnis für den Dichter Michel Lentz am 10. September 1893 erscheint in der Kölner Zeitung ein Nachruf, der in Luxemburg für Empörung sorgen wird. Obwohl es ihn als „geringschätzende Beleidigung gegen uns Luxemburger“ empfindet, druckt das Luxemburger Wort ihn am 6. Oktober unter dem ironischen Titel „Preußenlob auf Michel Lentz“ auszugweise…