10 Joer Luxemburgistik – E Réckbléck op eis Porte ouverte vum 6.12.2016

Op Niklosdag war dëst Joer eng méi lass am Institut vun der Luxemburgistik: Eis éischt Porte ouverte um Campus Belval an eisen éischten zweestellege Gebuertsdag, 10 Joer Luxemburgistik! Et gouf Kuch a Schampes an natierlech och nees eis Pousteren, déi weise sollten, wourunner de Moment gefuerscht gëtt. Hei haten d’Leit och d’Méiglechkeet, Froen ze stellen…

Regional Auswäertung vun den zwou Sprooche-Petitioune 698 a 725

Déi zwou rezent Petitioune 698 a 725 iwwert d’Sproochesituatioun haten e grousse Succès an hunn zu enger breeder Diskussioun am Land iwwert d’Sproochesituatioun gefouert. Petitioun 698: Lëtzebuerger Sprooch als 1. Amtssprooch an Nationalsprooch gesetzlech festgeluecht fir all Awunner zu Lëtzebuerg (14.724 Ënnerschrëften) Petitioun 725: « NEEN » zu eiser Mammesprooch als éischt offiziell Sprooch. « NON » à la langue…

Vu wou kënnt den Houseker?

Déi lëtzebuergesch Dictionnairë liwwere kaum Hiweiser iwwert d’Etymologie vun der Persounebezeechnung Houseker. D’LWB schreift just: Houseker, Housiker (Bock), Echt. Husiger (Bock), Husiger Man (dafür Stadtlux. alt Kibo) M.: 1) «Kinderschreck: Begleiter des hl. Nikolaus» — den H. hëlt dech a séng Hatt, stécht dech a säi Sak, hëlt dech op d’Hechel (Drohung an unartige Kinder); 2) «unwirscher,…