Tëleecommande, Fernsteierung oder Knipser?

Och d’Auswäertung vun dem Bild „Tëleecommande“ huet immens spannend éischt Resultater bruecht. 43% vun de Variante sinn ‚Tëleecommande‘ ([təleː]commande), ‚Teeleecommande‘ ([teːleː]commande) oder einfach ofgekierzt ‚Commande‘, woubäi d“Teeleecommande‘, also d’Variant mat zwee laangen e-Vokaler hei kloer preferéiert gëtt. Zu 48% gouf den Objet um Bild ‚Fern(seh)steierung‘ (‚Fernsehsteierung‘ kënnt ëmmerhin 3 Mol vir), ‚Fernsteuerung‘ oder ‚Fernbedienung‘ genannt. Méi seelen,…

Details

Schallimo + Stréihallem = Stréihallimo

Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.   Regional weist sech e méi oder manner kloert…

Details

Freideg, Freiden, Fregdeg oder Freddeg?

Mir hunn eis dru ginn an als éischt Wuert de „Freideg“ ausgewäert.  Hei gesitt Dir d’regional Verdeelung vun de verschiddene Varianten. Am Ganzen hu mer bis elo 530 Äntwerte kritt, déi sech op sechs Haaptvariante verdeelen: Legend: Freideg: hellblo Freiden: däischterblo Freidig: orange Fregdeg: hellgréng Fregdig: däischtergréng Freddeg: rout Aner Formen: schwaarz (z.B. Freddig, Fregdes, Fraddig)…

Details

Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung

Wat ass ‚Schnëssen – Är Sprooch fir d’Fuerschung‘? Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Egal, ob Dir nik, nit oder net sot, ob Dir oft séier oder dacks schnell sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze…

Details