Alles an allem (549 Opnamen) hunn 49% (271) vun de Leit ‚Schallimo/Schallümo‘ gesot an 43% (233) ‚Stréihallem/Strihallem‘ an eis App erageschwat. Doriwwer eraus hu 5% (27) béid Wierder genannt, 1% (8) hu ‚Stréihallimo‘ gesot; aner Varianten (2%, 10) hu mer ënner „aner“ (z.B. ‚Paille‘) am Diagramm zesummegefaasst.
Regional weist sech e méi oder manner kloert Bild: D“Schallimoen‘ (gréngelzeg) si groussflächeg am Guttland ze fannen. D“Stréihällem‘ (bloelzeg) dominéieren am Norden, awer och un de Grenze vum Land, a se sinn och relativ heefeg am Minett. Et gesäit sou aus, dass d“Schallimoen‘ sech aus dem Zentrum vum Land eraus ausbreeden.
Ganz interessant ass et och, sech d’Verdeelung vun de Varianten no Altersgrupp unzekucken: Eis eeler Participanten haten eng kloer Preferenz fir ‚Stréihallem‘, wärend déi méi jonk Leit éischter ‚Schallimo‘ gesot hunn. E klengen Detail: D’Variant ‚Schallümo‘ (16) ass bal ausschliisslech vu jonke Spriecher bis 34 Joer gewielt ginn.
Zousätzlech hu mer eis och nach de Pluriel vu ‚Stréihallem‘ méi genau ugekuckt , deen insgesamt 174 Leit gesot hunn. Hei hu 77% (134) ‚Stréihällem‘ gesot. Och aner Variante goufen e puer mol genannt, wéi beispillsweis ‚Stréihallemen‘ (6%, 11) oder och nach ‚Stréihalmen‘ a ‚Stréihalmer‘ (jeeweils 5%, 8). Den Detail gesitt Dir am Diagramm, woubäi mir Eenzelnennungen och erëm ënner „aner“ zesummegefaasst hunn.
Wat sot Dir zu de Resultater? Sidd Dir e bësse paff, dass ‚Schallimo‘ de (knappen) Gesamtgewënner ass oder hutt Dir schonn domat gerechent? Schreift eis op Facebook.