Lëtzebuergesch lo als Sprooch an de spaCy-NLP-Tools

D’Lëtzebuergescht ass lo als Sprooch an d’spaCy-NLP-Tools opgeholl ginn. spaCy ass am Moment mat déi wichtegst Python-Bibliothéik fir d’Software-Entwécklung am Beräich vum automateschen Traitement vun der Sprooch. An dësem Beispill-Skript erklären ech déi Funktionalitéiten (Tokenisation, Lemmatisation, POS-Tagging), déi den Ament scho méiglech sinn an ouni groussen Opwand aner Programmer agebaut kënne ginn. Dës Funktionalitéite si…

Colloque vun der Luxemburgistik – Wantersemester 2019/2020

Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht! Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines (MSH 02…

Wat ass Äert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen?

An eiser aktueller fënnefter Ronn an der Schnëssen-App froe mir d’Leit ënnert anerem och, wat hiert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen ass a firwat. D’Fro schéngt an engem éischte Moment vläicht e bëssen trivial, mee mir ware ganz gespaant, wat do wuel alles un Äntwerte géifen erakommen. Aus Virwëlz hu mir dann och scho mol eng éischt,…