Am Februar ass eng vun de Lëtzebuerger hire léifsten Zäiten am Joer. Nee, mir schwätzen net vum Wanter, mee natierlech vum Autofestival.
Ma wéi sot Dir iwwerhaapt: Autofestival oder AutoSfestival?
Well dat eng spannend Fro ass, hu mir 1479 Leit folgend Fro gestallt: Wéi heescht d’Zäit alljoers am Februar, wann hei am Land esou vill Autoe kaaft ginn?
Nieft Auto(s)festival (88,6%), op dee mer geschwënn ze schwätze kommen, krute mer och nach e puer weider interessant Äntwerten. Dorënner der, déi mam Auto(s)festival ze dinn hunn (4,8%) z.B. “Autosalon” oder “Festival” awer och der, déi näischt mat dësem Evenement ze dinn hunn (6,6%) z.B. “Fréijoer” oder “Fuesent”.
De Fouen-s an Auto(s)festival
- 58% soen AutoSfestival
- 42% soen Autofestival
Alter
D’Variant mat Fouen-s ass bei Spriecher*innen iwwer 45 manner beléift, si preferéieren d’Variant ouni Fouen-s – jee méi al, desto méi grouss ass d’Tendenz zu Autofestival.
Bei de Spriecher*innen ënner 45 kënnt ee méi oder wéineger op eng 50/50 Verdeelung.
Et wäert spannend sinn, ze kucken, ob d’Variant mat Fou an deenen nächste Joren hei zu der preferéierter gëtt – sech d’Preferenz vun den eelere Leit also ëmdréit a soumat wandelt.