Eppes Fuschneies (Dezember 2009)

D’Wuert fusch kënnt am Lëtzebuergeschen nëmmen a Kombinatioun mat nei vir: Eppes Fuschneies ass esou richteg nei – funkelnagelneu, wéi een op Däitsch soe géif. D’Lëtzebuergescht kennt och nach déi apaart Zesummesetzungen fonkelnei (WLM, LWB), fonkelnoolsnei (WLM, LWB), splënternei (WLM, LWB), noolsnei (LLU, WLM, LWB) an och fonkelnotznei (LWB). Mee, wat genee ass fusch?

Nei Formatioun an der Luxemburgistik

De September 2009 gëtt op der Universitéit Lëtzebuerg eng nei Formatioun am Kader vum Lëtzebuergeschen ageféiert. Dësen ‚Master académique en langues, cultures et médias – Lëtzebuerger Studien‘ konzentréiert sech op déi dräi Kärberäicher ‚Sproochwëssenschaft‘, ‚Kultur- a Literaturwëssenschaft‘ an ‚Mediewëssenschaft‘. Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn, sinn a Bachelor an enger Philologie (z.B. Däitsch, Franséisch, Englesch), der Kulturwëssenschaft, der…

Details