„It’s a boy“ – „Jong“, „Bouf“ oder „Fils“?

Mir geheien haut e klenge Bléck zeréck op dës Woch. Nieft dem Europa-Dag gëschter, housch d’Haaptmeldung aus de leschten Deeg: De Bëbee vum Meghan a vum Harry ass do an: “It’s a boy!”. Mir hunn eis an deem Kontext natierlech erëm gefrot: Wéi bezeechent een e männlechen Nokommen op Lëtzebuergesch? Schwätzt ee vum Jong, vum…

Zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen

Nom Erfolleg vun der éischter Summer School zum Lëtzebuergeschen am September 2016 organiséieren d’Mataarbechter*inne vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Neioplo vun der Summer School, déi dëse September (9.-13.9.2019) um Campus Belval (Esch-Uelzecht) vun der Uni Lëtzebuerg stattfanne wäert. D’Summer School riicht sech u linguistesch interesséiert Student*innen, Doktorand*innen oder PostDocen, déi ee méi…