Wie vun Iech huet sech dann d’lescht Woch wärend dem Festival en neien Auto kaf oder op d‘mannst mam Gedanke gespillt, dat ze maachen?
Sinn dorënner vläicht Leit, déi geschwënn en neien Jeep oder en neie Porsche oder sollt een éischter soen ENG nei Jeep oder ENG nei Porsche am/an der Garage stoen hunn?
An der zweeter Ronn vun der App si mir op alle Fall der Fro nogaangen, ob dës zwou Autosmarke fir eis Schnësserten éischter maskulin oder feminin sinn.
Porsche (~700 Opnamen)
- iwwer 97% vun de Leit soen „Porsch“ (ouni „-e“ um Enn) an nëmmen eng kleng Minoritéit seet „PorschE“
- fir 80% ass et „e Porsche“ (mask.) a fir nach graff 20% ass et „eng Porsche“ (fem.)
- d’Altersverdeelung weist keng ganz kloer Tendenz – mol ass de Femininum méi a mol manner präsent, allerdéngs ass de femininen Undeel an der eelster Altersgrupp am héchsten
Jeep (~400 Opnamen)
- fir bal 66% ass et „eng Jeep“ (fem.) a fir iwwer 34% ass et „e(n) Jeep“ (mask.)
- d’Altersverdeelung weist och hei keng ganz kloer Tendenz, allerdéngs schéngt déi jéngst Altergrupp de Maskulinum e bësse méi virzezéien
- Aussprooch [ʒiːp] (“Jeep”) vs. [dʒiːp] („Djeep“): 66% vun de Leit soen [ʒiːp] a 34% [dʒiːp], woubäi [dʒiːp] lues a lues zouhëlt, wat d’Spriecher méi jonk sinn an dës Aussprooch an där jéngster Grupp och schonn e bëssen iwwer d’Halschent ausmécht
Sou, nach Froen? Da gitt emol hei an deen Artikel op Infolux luussen, an deem et ëm eng kleng Ëmfro (an d’Resultater) iwwert de Genus vun Autosnimm am Lëtzebuergesche geet: https://infolux.uni.lu/autoen/
Bonne route!