Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen

Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit…

Ganzen Artikel

Wéi d’Fauscht op d’A(n)

Ier mer eis mam Haaptprotagonist vun haut, dem A(n) beschäftegen, nach eng flott kleng Info zum Idiom “Wéi d’Fauscht op d’A(n) passen”. U sech bedeit dëst, datt zwou Saachen esou guer net beienee passen. Vu datt dëse Sproch allerdéngs dacks ironesch benotzt gouf, huet sech och d’Bedeitung “ganz gutt zesummepassen” etabléiert. Gitt also Uecht, wann…

Ganzen Artikel

Op e Patt mat der Luxemburgistik

Dëst Joer ass et nees esou wäit: De 7. November organiséiert d’Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft eng Porte ouverte bei eis um Campus Belval. Ganz nom Motto “Op e Patt mat der Luxemburgistik” invitéiere mir Iech op en Apéro , bei deem Dir en Abléck an déi aktuell Fuerschung iwwert d’Lëtzebuergescht an d’Lëtzebuerger Literature…

Ganzen Artikel

Colloque vun der Luxemburgistik – Wantersemester 2019/2020

Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht! Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines (MSH 02…

Ganzen Artikel

Virliesungsrei Kulturgeschicht Lëtzebuerg

No der éischter Virliesungsrei am leschte Wantersemester gëtt och dëst Semester d‘Kulturgeschicht Lëtzebuerg nees op der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden. An dëser Rei kënnt Dir an d’Entwécklung vun deene verschiddenste Kulturberäicher zu Lëtzebuerg andauchen – vun der Industrie- a Wirtschaftsgeschicht, iwwert den Developpement vun der Literatur an dem Theater, bis hin zur Entwécklung vun der Konscht an…

Ganzen Artikel

Vun „Haen“ an „Haschen“ – D’Bezeechnung vum Buschtaf „H“ am Lëtzebuergeschen

Am Kader vun der Presentatioun vu Resultater aus der App gouf scho méi dacks dorop opmierksam gemaach, datt et eng Rei Phenomener am Lëtzebuergesche gëtt, déi Opgrond vu Sproochekontakt mat anere Sprooche variéieren. Och an dësem Artikel kucke mer eis nees esou ee Phenomen un: Den Numm vum Buschtaf “H”. An der App kruten d’Particiante(ë)n…

Ganzen Artikel

FAQ zu der 2. Summer School

Wien organiséiert d’Summer School a fir wien ass se geduecht? D’Mataarbechter*inne vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft organiséieren déi zweet Summer School zum Lëtzebuergeschen. Si riicht sech u linguistesch interesséiert Student*innen, Promovéirend oder PostDocs, déi e méi déiwen Abléck an d’Sproochstruktur an an d’Fuerschungsberäicher vum Lëtzebuergesche kréie wëllen. Wéini fënnt d’Summer School statt? Coursen:…

Ganzen Artikel