Haalt Är Daumen an Domme gedréckt!

Dréckt Dir d’Daumen oder dréckt Dir d’Dommen? Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante.ën wëssen, wéi si den éischten, stäerksten a kierzte vun de fënnef Fanger nennen. An de 487 Opnamen, déi mir bei deem Item ausgewäert hunn, huet sech eng Variant besonnesch duerchgesat. Am heefegste gouf mat 60%…

Ganzen Artikel

De Partizip Perfekt vun “ufänken”

Haut beschäftege mer eis mam Partizip Perfekt vun ufänken, woubäi mer eis dëst Verb souwuel am Bezuch op seng regional Verdeelung wéi och am Bezuch op seng Flektiounsendung ukucken.  Beim Item, deen dëser Auswäertung zu Grond läit, handelt et sech ëm eng Iwwersetzungsaufgab: “Letze Nacht hat es angefangen zu schneien.” Mir wollten deemno wëssen, wéi…

Ganzen Artikel

Chicon, Chicorée, Schickeri an Andéiwen – eng komplizéiert Geschicht

Haut steet nees e lackelegt Geméis um Programm: De Chicon. Oder sot Dir éischter Chicorée, Schick(e/o)ri oder Andéiv? Fir erauszefannen, wéi dacks déi ënnerschiddlech Variante virkommen an och wien dës benotzt, hu mer eis insgesamt 445 Opnamen ugelauschtert, bei deenen d’Participante.ë matdeele sollten, wat se op engem Bild erkennen. Wéi déi allgemeng Verdeelung vun de…

Ganzen Artikel

Vu roude Rommelen a Bettrawen

Wéi nennt Dir dëst Geméis? Rout Rommelen, einfach Rommelen oder awer éischter Bettrawen? Ma genau dës dräi Varianten hu mer an der Schnëssen-App fonnt, wou mer vun de Participante.ë wësse wollten, wéi si dëst mooft Geméis nennen. Kuckt een sech déi allgemeng Verdeelung un, gëtt däitlech, datt et e klore Gewënner gëtt: rout Rommelen kënnt mat…

Ganzen Artikel

Flilleken, Fliniken a Fligel

Endlech ass et erëm esou wäit: Et ass net nëmme Vakanz, ma och mir mellen eis nees mat ganz flotte Resultater aus der Schnëssenzentral zeréck! Vun haut un an iwwert déi nächst Wochen an der Summervakanz presentéiere mer Iech reegelméisseg flott Resultater aus der Schnëssen-App. Freet Iech also op fuschnei Auswäertungen, Texter, Kaarten a Grafiken.…

Ganzen Artikel

Virtuell Porte Ouverte vun der Uni Lëtzebeurg

Vum 8. bis den 10. Abrëll fënnt déi virtuell Porte Ouverte vun der Universitéit Lëtzebuerg statt. Op dëser kënnt Dir Iech iwwert d’Bacheloren an d’Masteren, déi op der Uni Lëtzebuerg ugebuede ginn, informéieren an Är Froen a Livechatten un déi entspriechend Studiendirekteren / Studiendirektesche stellen. Dir sidd um Master am Lëtzebeurgeschen (Master en enseignement secondaire)…

Ganzen Artikel

Emfro zur Lëtzebuerger Futtballsprooch

D’EM ass zwar ofgesot an déi national Ligae leien op Äis. Dat hält eis awer net dovunner of, eis mat dem Kinnekssport ze beschäftegen. De Linguist Dr. François Conrad intresséiert sech an enger aktueller Etüd speziell fir d’Sprooch vum Futtball zu Lëtzebuerg. Är Hëllef ass gefrot! Och wann Dir selwer kee Futtball kuckt oder spillt,…

Ganzen Artikel