Chantier, Schantjen, Baustell & co.

Fir d’éischt sief drop higewisen, dass mer dës Daten an der éischter Schnëssen-Ronn mat Hëllef vun enger Foto vun engem Chantiersschëld an der dozougehéiereger Fro “Wourop weist dëst Schëld hin?” gesammelt hunn. Firwat sollt een dat extra erwänen? Als Äntwerten op dës Fro goufe souwuel déi “klassesch” an erwaartbar Bezeechnunge fir d’Plaz, wou gebaut/geschafft gëtt, genannt…

E Réckbléck op den 1. Schnëssen-Workshop – Sproochfuerscher*in fir een Dag

Am Computerraum vun der Maison des Sciences Humaines um Belval sëtzen interesséiert Fraen a Männer mat Kopfhörer op, déi konzentréiert Computertasten erklénge loossen an sech dotëscht ëmmer erëm kuerz austauschen. Dat si wuel Student*innen, déi eppes fir hiert Studium maachen oder Fräiwëlleger, déi un iergendenger vun dësen Etüden, déi d’Uni ëmmer mol erëm mécht, deelhuelen,…