Hien huet e Kapp wéi eng Kalbass! – De Kürbis

Mam Afloss vum amerikaneschen Halloween, dee méi a méi an Europa eriwwerkënnt, erënneren d’Leit sech och nees méi un de lokale Brauch vum Trauliicht. Waren et an der Groussregioun nach Rommelen, déi ausgehielegt goufen, hunn d’Iren an Amerika Kürbisse genotzt, wéi d’Auswanderer déi Traditioun mat an déi nei Welt geholl hunn. Säit zu Lëtzebuerg manner…

E séisse Snack: En Eisekuch, eng Wafel oder en Häip?

Fir dës Auswäertung hu mir eis ganzer 833 Opnamen ugelauschtert an ausgewäert. Wéi ëmmer ginn et eng sëlleche Méiglechkeeten, fir dëst séisst Gebäck ze bezeechnen. Am heefegsten ass dobäi mat 64% (532) d’Variant „Eisekuch“ virkomm, virun der „Wafel“ mat 17,1% (142) an der „Gaufre“ mat 5,7% (47). Ze erwäne sinn och nach d’Varianten „Waffel“ an…