Druckt Dir um Printer, dréckt Dir op der Imprimante oder print Dir um Drucker?

Am Kader vun der Datenerhiewung mat der Schnëssen-App wollte mir vun de Participante.ë wëssen, wéi si den Apparat nennen, mat deem Daten (z.B. Texter, Grafiken, Fotoen, Diagrammer asw.) vum Computer aus geprint kënne ginn. Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei eng Hellewull u Bezeechnunge benotzt ginn, fir dësen Apparat ze benennen. An…

Spidol oder Klinick? Eng Auswäertung als symbolesche Merci un all d’Klinicken a d’Spideeler.

Natierlech kënne mir Sproochwëssenschaftler.innen eis net wéi aner Disziplinnen de Moment direkt am Kader vun der sanitärer Kris engagéieren. Wat mer awer maache kënnen, ass de Sproochgebrauch resp. d’Discoursen an dëser Zäit analyséieren oder eis mat bestëmmte Wierder beschäftegen, déi an Zäite wéi dëse méi dacks gebraucht ginn, a mat der Presentatioun vun eise Resultater…

Den „Toilettëpabeier“ a seng Varianten

Bei eiser leschter Facebook-Ofstëmmung, bei där mir vun Iech wësse wollten, wéi ee Resultat mir Iech als nächst sollte weisen, huet sech den Toilettëpabeier géint de Fernsee duerchgesat. Dofir dann elo hei dat, wat mer iwwert den Toilettëpabeier mathëllef vun engem Bild an eiser Schnëssen-App erausfonnt hunn: Am Ganzen hu mir fir dës Auswäertung 1363…