Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech?

Änlech wéi bei Seechomes, Paiperlek oder Aperhoer gëtt dëse wichtegen Alldagsgéigestand mat enger Hellewull vu Variante benannt. An der Schnëssen-App hu mer also Nuesschnappech mat engem Bild ofgefrot a kruten 976 Äntwerten. An der globaler Verdeelung am Kéisdiagramm gesäit een, dass Nuesschnappech mat 80 % (781) d’Haaptvariant fir déi meescht Leit ass, deelweis och erweidert…

Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen

Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit…

Sot Dir dacks oft oder oft dacks?

Dat klengt Adverb dacks féiert an Alldagsgespréicher oft zu laangen Diskussiounen. Mir wollten dowéinst erausfannen, wéi eis Schnëssen-Kommunitéit seet, an hunn dofir dat betraffent Wuert an e franséische Saz agebett – Ta soeur est géniale, elle raconte souvent les meilleures blagues! – an deem eis d’Iwwersetzung vum ‘souvent’ interesséiert. Soen eis Participante*ën also méi oft…