Wou fannen ech Informatiounen iwwert de Familjennumm WALTENER?
- WALTENER Frank asked 5 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
Ass d’Lëtzebuergesch Wuert ‚geheien‘ (werfen) verwannt matt der Wuerzel ‚hi‘ am Sanskrit (am Sënn vu werfen, schmeissen)?
- Edmond Differding asked 6 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
Ech hunn eng technesch Fro iwwert d’Wochendeeg: Méindeg, Dënschdeg an esou weider gëtt jo ëmmer grouss geschriwwen. Wann ech awer schreiwen: Dënschdes bis Sonndes op … ginn do d’Wochendeeg grouss oder kleng (wéi op däitsch) geschriwwen?
- Thessy Schmit asked 6 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
0 votes
0 answers
992 views
0 votes
0 answers
1k views
Ech wollt nofroen ob dir wësst wat Le’h oder Léi bedeit. Zu Diddeleng gëtt et en Parc mat dem Numm: de Parc Le’h oder Léi. Ech siche scho méi laang no Sënn vun dësem ale Numm.
- Nico asked 6 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
0 votes
0 answers
931 views
Ech sinn op der Sich no der Origine resp. der Bedeitung vum Substantiv Spréngerlek. Fréier huet ee méi dacks héieren z.B.: dat ass e jonke Spréngerlek.
- Jea-Paul Wolff asked 6 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
0 votes
0 answers
1k views
Ech sinn Enseignant am Lycée an do héiert een natierlech ëmmer erëm eng Rei nei Ausdréck déi d’Schüler benotzen. Vill vun de Jongen (och vun de Meedercher ?) soe fir e Meedchen eng GAUS (pl. Gausen ?). Weess ee méi iwwert dëst Wuert : wou kennt et hier, asw. ? Merci fir d’Hëllef.
- Gilbert MOLITOR asked 6 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
Ech géif gär wëssen, ob d’Fuerscher vun dëser Plattform erkläre kënnen, firwat et bei dem Gebrauch vum onperséinleche Pronomen „een“ och d’Pseudosubjekt „et“ braucht, wéi an dem folgende Beispill:Et däerf een zu Lëtzebuerg net an de Caféë fëmmen. Eppes Vergläichbares, esou eng parenthetesch Konstruktioun gëtt et menges Wëssens am Däitsche jiddefalls n[…]
- Ashwin Jean Schumann asked 5 Jahren ago
- last active 5 Jahren ago
Ech (aus dem Westen) héiren emmer rëm Leit dei eischter aus dem Süde kommen „an der Buedzëmmer“ soën, mir krausle sëch dobäi d’Zéiwenneel well: am Zëmmer, am Streckzëmmer, am Spillzëmmer, am Wäschzëmmer, am Buedzëmmer. Ech gin dovun aus dass et vun „dans la salle de bain“ hier kënnt, wier drun interesséiert ze gesin wei sech de Gebrauch dovun am Ländchen opdeelt.
- Andy asked 6 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago
Wéi ass d’Geschlecht vun de Lännernimm, wa keen Artikel virdru steet w.e.g.? d’Belsch , f. de Congo , m. mee Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, sächlech ?
- Gaby Reinesch-Heuertz asked 6 Jahren ago
- last active 6 Jahren ago