Virun nach net all ze laanger Zäit huet e bekannte Lëtzebuerger Affekot sech iwwert déi vill “Bussen, Bussen, Bussen” an der Uewerstad opgereegt. Ganz onrecht huet en domat natierlech net, mee nach méi spannend wéi dat, wat e sot, ass d’Aart a Weis, wéi en et sot. Hie schwätzt vu Bussen, een aneren hätt vläicht vu Busser geschwat. Grond genuch, sech dat emol méi genau unzekucken.
Dofir huet sech de Saz “Die Kinder haben in den überfüllten Bussen gesungen” ugebueden. Bei den 1405 Sätz, déi mer eis ugelauschtert hunn, hu mer ganzer 4 Variante fonnt, wéi um Kéisdiagramm ze erkennen ass. Dobäi handelt et sech bei Busser, déi op 46 % (634) kommen ëm d’Haaptvariant. 39% (535) vun de Participante*ën hunn dogéint de Pluriel mat -en benotzt. Bal 15% (200) hu guer kee Pluriel produzéiert, d.h. Bus gesot a ganz seelen (4) koum den alternative Pluriel mat Ëmlaut Bis vir.
Gehéie mer fir d’éischt emol e Bléck op d’Haaptvariatioun tëscht Busser a Bussen. Generell ass et esou, datt et sech bei dëser Variatioun ëm e Mechanismus handelt, deen een am Lëtzebuergesche méi dacks beobachte kann. Bei net wéinege Plurielle konkurréiert am Lëtzebuergeschen eng Form mat der Endung op -er mat enger op -en (Bsp. Bic, Witz, Programm, Bal, Festival, asw.), woubäi a ville Fäll och béid Formen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire stinn.
Bei der allgemenger Verdeelung fält engem séier an d’A, datt d’Prozentsätz vu béide Varianten zimlech no beienee leien, och wann Busser liicht méi dacks virkënnt. Interessant ass natierlech och d’Variant Bis, déi awer wéi gesot nëmme 4 Mol virkoum. Hei hunn d’Participante*ën de Pluriel mat engem Ëmlaut (u > i) gebilt, sou wéi mer et och vun Numm-Nimm kennen.
Geheie mer fir d’nächst e Bléck op d’Verdeelung no Alter. Well eis virun allem d’Variatioun tëscht der Variant op -en an där op -er interesséiert, hu mer Singuliersvarianten an och d’Plurielsvariant Bis hei net berécksiichtegt. Kuckt ee sech d’Grafik un, fält engem direkt eng Trap an d’A. Dës Trap weist eis, datt Bussen mam Alter vun de Leit zouhëlt, woubäi Busser méi seele gëtt. An anere Wierder weist dëst Bild dorop hin, datt mer et hei mat engem Sproochwandelprozess ze dinn hunn: Bussen gëtt ëmmer manner benotzt, wougéint Busser ëmmer méi dacks am Sproochgebrauch virkommen.