Wie kennt et net, dat klengt däregt Déier, dat sech gär hannert dem Kompost oder ënnert den Hecken am Gaart verstoppt an sech just an der Nuecht aus senger Stopp eraustraut. Ma wéi heescht dat eigentlech? Mir hunn 1285 Leit gefrot, kruten awer – wéi gewinnt – méi wéi eng Äntwert.
Knapp méi wéi d’Halschent (n= 687) vun de Leit hunn d’Déierchen Igel genannt. 36,6 % (n=461) dogéint hunn Kéiseker gesot. Eng drëtt, méi seele Variant ass Däreldéier (0,4%). Insgesamt 8,5% (n=107) hu souwuel Kéiseker, wéi och Igel an d’App geschwat. An engem Fall goufen esouguer déi dräi Variante genannt. Eng sëlleche Kéier ass eis och explizit matgedeelt ginn, datt een d‘Variant 1 seet, d‘Variant 2 awer och kennt oder ee selwer béides benotzt. Dat weist dorop hin, dass vill Participanten sech der Variatioun am Lëtzebuergesche bewosst sinn. Interessanterweis trëfft dëst net nëmmen op MammesproochlerInnen zou – och 4,3 % vun de Leit mat enger anerer Mammesprooch wéi Lëtzebuergesch hunn Igel a Kéiseker genannt. Dat bedeit, datt Net-MammesproochlerInnen mat dem Lëtzebuergeschen och déi verschidde Facettë vun der Sprooch (kennen-)léieren.
An dësem Fall si lokal Varianten, wéi se och nach am Luxemburger Wörterbuch verzeechent sinn immens seelen. Hei fënnt een z. B. och nach Kéijhickeler, Mëllechigel, Kéiselek, Kéisilek, Kiselek, Kisicker anDäreg Échel. Ze héiere waren an den Opname just vereenzelt Beleger vu Kéisäker oder Kiseker. Se kommen awer esou seele fir, datt se an dësem Kader mat zu de Kéiseker-Beleger gezielt gi sinn.
E Bléck op d‘Kaart lount sech awer nawell. Am éischten Ament ass een eventuell e bëssen enttäuscht, well sech keng Varianteregiounen opdinn, allerdéngs verweist genau dëst op déi Aart vu Variatioun, déi eben onofhängeg vu Regiounen existéiert. Et sief dobäi gesot, dass dës fir d’Lëtzebuergescht alles anescht wéi seelen ass.
Idem gesäit et beim Alter aus. Och wann d’Verdeelung vun Igel a Kéiseker vun Alterskategorie zu Alterskategorie schwankt, kann ee keng kloer Tendenz erausliesen. Jonk an Al kennen deemno dat däregt Déier ënnert sengen ënnerschiddlechen Nimm. Et schéngt just esou, wéi wann déi seele Variant Däreldéier de Jonke kee wierkleche Begrëff méi ass, woubäi opfält, datt och Persounen iwwer 65 dës Bezeechnung net benotzt hunn.