Zwee nei Froebéi an der App

D’Rentrée leeft op Héichtouren an et komme vill nei opreegend Erfarungen op een zou. Ma och an der Schnëssen-App gëtt et eppes neits an zwar ganzer 2 nei Froebéi. Deen een interesséiert sech fir d’Variatioun am Lëtzebuergeschen an den Astellunge vis-à-vis vun dëser, woubäi deen aneren de Fokus op sproochlech Preferenzen am Lëtzebuergesche leet. Ëm wat geet et? Zum…

Details

Panech, Paangech & Co.

Wat mer all esou gär iessen, ass sproochhistoresch aus dem muselfränkesche pan + kuch entstanen, an huet am Lëtzebuergesche vun haut eng Rei Varianten ervirbruecht, déi iwwerdeems och eng regional Verdeelung opweisen. Iwwert d’Schnëssen-App konnte mer 870 Beleeger sammelen. D’Kaart féiert am Ganzen aacht Formen op, déi méi oder manner heefeg gebraucht ginn. Mat ca. 40% ass Panech am…

Details

„D’Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen“

Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen…

Details

„Bitzen“ – e Verb mat ville regionale Varianten

Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen. Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt,…

Details