Vu wou kënnt den Houseker?

Déi lëtzebuergesch Dictionnairë liwwere kaum Hiweiser iwwert d’Etymologie vun der Persounebezeechnung Houseker. D’LWB schreift just: Houseker, Housiker (Bock), Echt. Husiger (Bock), Husiger Man (dafür Stadtlux. alt Kibo) M.: 1) «Kinderschreck: Begleiter des hl. Nikolaus» — den H. hëlt dech a séng Hatt, stécht dech a säi Sak, hëlt dech op d’Hechel (Drohung an unartige Kinder); 2) «unwirscher,…

Details

Master-Diplomiwwerreechung 2016

Leschte Freiden, de 25. November, war um Campus Belval déi grouss Master-Diplomiwwerreechung vun allen dräi Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg. Am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir kruten e puer honnert Absolventen hiren Diplom iwwerreecht – dorënner och 10 Studentinnen a Studente vun eisem Master en Langues, Cultures et Médias: „Lëtzebuerger Studien“. Mir gratuléieren…

Details

Virschau op de Colloque vum 29. November 2016

  An eisem nächste Virtrag gi mer eppes iwwert déi lëtzebuergesch Modalverbe gewuer. D’Caroline Döhmer beschäftegt sech a sengem Bäitrag ënnert anerem mat der Positioun vun de Modalverben am Niewesaz. D’Beispiller, déi a sengem Abstract genannt ginn, weise méi genee, wat een sech dorënner ka virstellen. Och den zweeten Deel vu sengem Virtrag iwwert d’Optriede…

Details