Päiperlek, Pimpampel & co.

An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze…

De klenge ronne Fall aus Lieder: E Futtball, e Fussball oder e Foussball?

Vill Leit sinn de Moment jo am WM-Féiwer an déi eng oder aner vun Iech hate bestëmmt schonn eng Diskussioun an der Famill, mat Frënn oder Kolleegen doriwwer, ob et dann elo Fussball, Foussball oder Futtball heescht. Mir hunn d’Äntwert oder op d’mannst eng éischt Auswäertung vun deem, wat Dir eis beim Bild vum ronne Lieder an d’App erageschwat hutt.…