Vill Leit sinn de Moment jo am WM-Féiwer an déi eng oder aner vun Iech hate bestëmmt schonn eng Diskussioun an der Famill, mat Frënn oder Kolleegen doriwwer, ob et dann elo Fussball, Foussball oder Futtball heescht. Mir hunn d’Äntwert oder op d’mannst eng éischt Auswäertung vun deem, wat Dir eis beim Bild vum ronne Lieder an d’App erageschwat hutt.
Bei der Bezeechnung fir de faméise Ball, gëtt et eng Variant, déi kloer am dackste benotzt gëtt: Fussball. Ëmmerhin hu bis elo vu 749 Leit 71,2% Fussball gesot. D’Variante Futtball a Foussball komme mat 11,9% respektiv 9,5% däitlech méi siele vir.
Bei der Verdeelung vun de Variante vun dësem Wuert ginn et awer och nach weider Opfällegkeeten:
- Wat d’Spriecher méi jonk sinn, wat Futtball méi seele virkënnt.
- D’Männer sote méi dacks Futtball wéi d’Fraen.
- Foussball ass virun allem am Norden an Oste vu Lëtzebuerg beluecht.
- Futtball kënnt haaptsächlech am westleche Guttland an net méi nërdlech wéi Ettelbréck vir.
- D’Stad Lëtzebuerg ass déi Uertschaft mat dem héichsten Futtball-Undeel – 25,6% vun de Participanten aus der Stad (dat sinn ëmmerhin 13,7% méi, am Verglach mat der allgemenger Auswäertung) hu Futtball gesot.
Mir hunn eis d’Stad Lëtzebuerg am Kontext vun de Variante vum faméise klenge ronne Lieder emol méi genau ugekuckt.
An elei: An der Haaptstad ass den Undeel u Participanten, déi „Futtball“ soen, mat 25,6% am héchsten. Dat sinn ëmmerhin 13,7% méi am Verglach mat der allgemenger Auswäertung.
Hei elo d’Grafik zu der Verdeelung vun de Variante fir dat klengt ronnt Lieder am Südweste vum Land – dem Minett.
„Fussball“ kënnt am Minett zu 84,8% vir. Dat si ganzer 13,6% méi, wéi an der allgemenger Auswäertung.
Nach méi grouss ass d’Diskrepanz am Verglach mat der Stad Lëtzebuerg – an dat och bei der Variant „Futtball“. Hei stinn 3,5% (Minett) ganzer 25,6% (Stad Lëtzebuerg) géigeniwwer.
Et schwätzt also villes dofir, datt d’Stad Lëtzebuerg ee „Futtballsgebitt“ an de Minett e „Fussballsgebitt“ ass.
Passend dozou en Deel vun engem Lëtzebuerger Futtballslidd :
„Wa mir Futtball spillen, hält keen ons de Bass
Déi éischt 10 Minutten, gi mir schonn drun, da gi mir lass.
Kee Mensch kann ons halen, wann ons Goler falen.“
Merci un de Patrick Weber fir den Hiweis op d’Lidd vum Colette a Fernand!