Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt? – De Partizip Perfekt vun nätzen

Vakanzenzäit, dat ass net nëmmen d’Zäit, an där vill Leit sech op hiren Dramdestinatiounen erhuelen, ma et ass och d’Zäit vun de léiwen an hëllefsbereeten Noperen oder Kolleegen, déi sech dorëm këmmeren, datt Bréifkëschten net iwwerquëlle respektiv Planzen net verdréchenen. Belount gëtt dëse Service dacks mat enger klenger Opmierksamkeet (vun der Dramdestinatioun) vun der Säit…

Colloque vun der Luxemburgistik – Wantersemester 2019/2020

Och dëst Semester hu mer an eisem Colloque vun der Luxemburgistik nees en ofwiesslungsräichen a flotte Programm zesummegestallt. Dir interesséiert Iech fir d’Literatur zu Lëtzbuerg/op Lëtzebuergesch, d’Letzebuerger Sprooch resp. d’Sproochen zu Lëtzebuerg? Da kommt bei eis op d’Universitéit um Belval laanscht! Rendez-vous ass (meeschtens) méindes um 16:00 an der Maison des Sciences Humaines (MSH 02…

Virliesungsrei Kulturgeschicht Lëtzebuerg

No der éischter Virliesungsrei am leschte Wantersemester gëtt och dëst Semester d‘Kulturgeschicht Lëtzebuerg nees op der Universitéit Lëtzebuerg ugebueden. An dëser Rei kënnt Dir an d’Entwécklung vun deene verschiddenste Kulturberäicher zu Lëtzebuerg andauchen – vun der Industrie- a Wirtschaftsgeschicht, iwwert den Developpement vun der Literatur an dem Theater, bis hin zur Entwécklung vun der Konscht an…