0 votes
2k views
D’Luxemburger Wörterbuch huet en Artikel zu de Bedeitungen a Forme vum Wuert „ellen“, allerdéngs vermëssen ech en Indice op d’Origine vun deem Wuert. Wësst dir, ob dat Wuert eventuell vum Däitschen „elendig“ kënnt resp. mam Wuert „Elend“ Famill ass?
  • Ashwin Schumann asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
3k views
Eng leschte Fro zum d-Apostroph: seng Ausprooch! Den d-Apostroph ass e Phenomen, den net just d’Zongen vun Apprenanten verzweifele léisst, mä och mäi Gehir verwurrelt! Trotz dem Uschäin, et hätt een et beim d-Apostroph ëmmer mat engem stëmmhaften Plosiv ze dinn, kléngt et fir mech heinasdo esou, datt dat net ëmmer de Fall ka sinn an datt z.b. beim Numm „Sarah“ den d-Apo[…]
  • Ashwin Schumann asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
2k views
Am LOD fënnt een am Moment nach keng Detailer zum Wuert „Groussbritannien“. Wann ee mat „Großbritannien“ sicht, kritt een als Äntwert „England“. Domat ass awer bestëmmt net jiddereen averstanen! Wéi géift Dir d’Bierger vun deem Land schreiwen: Sinn et Briten? Oder awer Britten? An d’Adjektiv?  
  • Wirth-Majerus Annette asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
Ech wollt froen, wat fir  eng Negatioun richteg ass:   Hien ass net/keen Italiener, Fransous, Däitschen… . Hien ass net/keen Informatiker, Dokter, Pilot… . Hie spillt net/keen Tennis, Fussball, Handball… . Hie fiert net/kee Schi.
  • Guest asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
0 answers
2k views
Léiwen InfoDesk, Den Infinitiv mat ,,ze“ benotze mir a Finalsätz: Ech hu keng Zäit, fir all Dag Sport ze maachen. Mee och an aner Sätz gëtt den Infinitiv mat ,,ze“ benotzt: Dat schéngt zimlech schwéier ze sinn. Wéi eng Regel gëtt et hei? Ass dat wéi am Däitschen, dass den Infinitiv mat ,,ze“ mat verschidden Ausdréck benotzt gëtt? Merci am Viraus.
  • Brigitte asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
3k views
[Fro gestallt per Email] Wie lautet der Genitiv Singular von Liewen? Liewens oder Liewes? Beispiele: sech senges Liewe(n)s freeën Zäit Liewe(n)s liewe(n)slaang Habe keine Ahnung, habe zu lange darüber nachgedacht und dadurch de spontanen Zugang  verloren. De Meinungen der native Speaker, die ich befragte, gehen auseinander!
0 votes
0 answers
2k views
De (Net-)Gebrauch vum Artikel virun Nimm bereet munchem Apprenant Kappzerbrieche. Si froe sech: Wisou an engem Fall en Artikel virun Nimm, an (dem) aneren net? Ech hunn kuerz driwwer nogeduecht an déi heiten Erklärung fir mech fonnt. Mécht déi Sënn? Expressioun 1: >_Mäin Numm ass Jos_. Mir benotze bei Séz vun deser Zort keen Artikel, well dee Saatz ass keng Ausso iwwer de Jos, mä iwwe[…]
  • Ashwin Schumann asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
3k views
Kënnt „w.e.g.“ vun „wenn es Euch beliebt“? A wa jo, kënnt Dir mir soen, wéi sech deen Ausdrock sproochlech entwéckelt huet? Oder huet „ech“ aus „wann ech gelift“ tatsächlech d’Bedeitung vun „ech“?
  • Wirth-Majerus Annette asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
4k views
Wat heescht deen „e(n)“ wa mer soen „e Méindeg, en Dënschdeg“, z.B. bei „E Méindeg gëtt et kal“? Ass dat quasi e verkierzten „dëse Méindeg“ bei deem mer amplaz „dëse“ nëmmen nach de Schluss, also „e“ soen? Oder kënnt dat vun enger Präpositioun, déi eventuell viru laanger Zäit präsent war, esou wéi am Engleschen ̶[…]
  • Liz Wenger asked 9 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
0 votes
2k views
Op franséisch „le glossaire“, op däitsch „das Glossar“. Eigentlech ginn ech deem Wuert an enger Iwwerschrëft keen Artikel, awer wéi wier deen da richteg? de Glossaire – d’Glossar?
  • Pim Pampel asked 8 Jahren ago
  • last active 8 Jahren ago
Showing 51 - 60 of 125 results